Sie sind hier

News Mobilität und Verkehr Gusty Graas

D’A3 gëtt op dräi Spueren erweidert

Gréng Luucht fir den Ausbau vun der Diddelenger Autobunn. D'Chamber huet dësen Donneschden hiren Accord gi fir de Gesetzesprojet, deen ënnert anerem virgesäit d'A3 op zweemol dräi Spueren auszebauen.

News Mobilität und Verkehr Gilles Baum Gusty Graas

Ausbau vum Tramsreseau

Den Tramsreseau gëtt weider ausgebaut. Dat ass dësen Donneschden an der Chamber decidéiert ginn. Domat wäert den Tram ab 2021 och op de Findel a bis op d’Cloche d’Or fueren.

News Landesplanung und Wohnen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Investitiounen an d’Zukunft

Dëse Mëttwoch ass an der Chamber iwwert déi grouss ëffentlech Infrastrukturprojeten, déi fir déi nächst Joren geplangt sinn, diskutéiert ginn. Dës stellen e wichtegt Element duer, fir den Erausfuerderungen vun der Zukunft ze begéinen.

News Kultur André Bauler

Méi Sue fir de Museksunterrecht

De Staat erhéicht seng Bedeelegung un de Käschten vum Museksunterricht ëm ronn 1 Millioun, dat ass haut an der Chamber decidéiert ginn.

News Gesellschaft Max Hahn

Verbesserunge beim Wunngeld

D’Chamber huet de Mëttwoch Verbesserunge beim Wunngeld gestëmmt. Ab dem 1. Januar kënnen zwee Drëttel vun de Locatairen zu Lëtzebuerg vun der „subvention loyer“ profitéieren.

News Außenpolitik Gusty Graas

Gusty Graas: „Verdammte Flicht fir eis z’engagéieren.“

D’Lëtzebuerger Entwécklungshëllef wäert och an Zukunft noutwenneg sinn, esou den DP-Spriecher Gusty Graas, dës Woch bei der Chamberdebatt iwwert d’Cooperatioun, och wa sech hei an do géinge Korrekturen opdrängen.

News Arbeit Wirtschaft André Bauler

Kreativwirtschaft zu Lëtzebuerg

De kreativen a kulturelle Secteur spillt eng wichteg Roll fir d’ Wirtschaft an den Aarbechtsmaart zu Lëtzebuerg. Den André Bauler huet den Aarbechtsminister an der Chamber Detailer iwwert dëse Secteur gefrot.

News Klimaschutz und Energie Max Hahn

COP 23: Ambitiéis Ziler eleng ginn net duer

En Dënschden an der Chamber ass den DP-Deputéierte Max Hahn op d’Resultater vun der Klimakonferenz COP23 zu Bonn, déi vun de Fidschi-Inselen organiséiert goufen, agaangen. „Nëmme wa jiddereen eng Hand mat upéckt, packe mir et zesummen, deenen déi no eis kommen, eng liewenswäert Welt ze hannerloossen, sou d’Kärausso vum Süd-Deputéierten.

News Bildung Lex Delles

Ëffentlech an international Schoul zu Esch-Uelzecht

Déi International Schoul vun Déifferdeng kritt eng Extensioun, an zwar op Esch-Uelzecht. D’Schouloffer am Süde gëtt  also ausgebaut an et kommen eng Rei Neiegkeeten an d’Schoulkonzept dobäi.

News Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Renovatioun an Ausbau vum Lycée Michel Rodange

Ufanks 2018 sollen et lass goen : de Lycée Michel Rodange gëtt renovéiert. D’Zil ass et d’Gebai op den neiste Stand a Saachen Energieverbrauch ze bréngen an d’Kapassitéiten ze erweideren. Gläichzäiteg ginn och Akzenter punkto nohalteg Entwécklung, mat z.B. Solarzellen um Daach, gesat.

News Familie Gesellschaft Gilles Baum

„D'DP deelt d'Suergen, déi am Rapport vum ORK opgezielt sinn“

A sengem Kloertext am Journal vum Dënschteg ass de Gilles Baum a senger Funktioun als President vun der Familljekommissioun op de Rapport vum „Ombudscomité fir d’Rechter vum Kand" agaangen. Hien huet nach emol wichteg Mesurë vun der DP-Familljen- a Bildungspolitik ervirgestrach, déi dozou bäidroen, Familljen a Kanner aus méi aarme Verhältnisser ënnert d’Äerm ze gräifen.

News Tribune libre Arbeit Mittelstand Wirtschaft Claude Lamberty

Méi flexibel Ëffnungszäiten?

A senger Tribune libre geet de neien DP-Generalsekretär Claude Lamberty op d'Iddi vu méi flexibelen Ëffnungszäite vu Geschäfter zu Lëtzebuerg an.

News Klimaschutz und Energie Landesplanung und Wohnen Landwirtschaft und Weinbau Mobilität und Verkehr Wirtschaft André Bauler Gusty Graas

Wat fir e Wuesstem fir Lëtzebuerg?

Dësen Donneschdeg gouf an der Chamber iwwert de Rifkin-Rapport debattéiert. Den Deputéierten André Bauler huet der Demokratescher Partei hir Vue op den zukünftege Wuesstem zu Lëtzebuerg virgestallt an de Gusty Graas ass op d’Repercussioune vun dësem Wuesstem op eis Landwirtschaft agaangen.

News Zu Gast im Land Gemeinden Gesellschaft Jana Degrott

Betroffene Jugend

Kinder und Jugendliche sind von politischen Entscheidungen, die heute getroffen werden, am längsten betroffen. Aus diesem Grund muss und soll die Jugend noch stärker in den politischen Entscheidungsprozess eingebunden werden.

News Eugène Berger

Grouss Zoustëmmung fir familljen- a bildungsfrëndlech DP-Politik

D’DP huet e Sondage iwwer eng Partie rezent Mesurëgemaach, déi d’Familljen zu Lëtzebuerg betreffen. Moossname fir méi finanziell Entlaaschtung, méi Qualitéit an der Betreiung an an der Bildung a fir méi Zäit fir d’Famill. Fir d’DP sinn dat déi dräi grouss Sailen, mat deenen d’Zukunftschance vun de Kanner hei am Land kënne verbessert ginn.