Sie sind hier

Ëffentlech an international Schoul zu Esch-Uelzecht

News Bildung Lex Delles

Nodeems de Projet vun der internationaler Schoul zu Déifferdeng virun zwee Joer gestemmt ginn ass, gouf en Dënschdeg an der Chamber iwwert d’Extensioun an d’Diversifikatioun vun der Schouloffer debattéiert an ofgestëmmt. De Rapporter, den DP-Deputéierte Lex Delles, huet d’Wichtegkeet vun esou engem schoulesche Konzept fir Lëtzebuerg ënnerstrach an huet Punkt fir Punkt d’Ännerungen, déi esou e Gesetz mat sech bréngt, erkläert.

Extensioun op Esch-Uelzecht

Déi international Schoul vun Déifferdeng kritt also eng Extensioun: et geet op Esch-Uelzecht. Et bleift een deemno am Süde vum Land, wou déi gréissten Demande no sou engem pedagogesche Modell besteet. Logescherweis kritt d’Schoul dann och en aneren Numm: aus „École Internationale de Differdange“, gëtt „École Internationale de Differdange et Esch-Sur-Alzette“. De Lex Delles huet nach eng Kéier betount, dass et eng Schoul fir jiddereen ass:

Et ass a bléift eng International Schoul, déi fir jiddereen op ass, ob Lëtzebuerger oder net Lëtzebuerger, a virun allem déi fir jiddereen gratis ass, se ass publique ! De Melange vu verschiddene Kulturen an Nationalitéiten, dat ass de Sënn vun der heite Schoul.

Eng nei, däitschsproocheg Sektioun

Nei ass och,  dass nieft der englescher an der franséischer Sektioun och eng däitschsproocheg Sektioun an déi International Schoul dobäi kënnt. D’Schouloffer gëtt also kloer ausgebaut fir och der däitschsproocheger Gemeinschaft d’Chance ze ginn „net-linguistesch Fächer, déi am normale System am Lycée op Franséisch sinn, wéi Mathe oder d’Sciencen, op Däitsch auszewielen“,, sou de Lex Delles weider.

Aféiere vun „early education“-Klassen a vun enger Voie Préparatoire vun der Beruffsausbildung

Dobäi kommen och déi sougenannten „early education-“,Klassen, also eng Spillschoul. „Déi Klassen eegenen sech perfekt fir Kanner, bei deenen d’Lëtzebuergescht net hir Mammesprooch ass, mee déi sech awer wëllen an de lëtzebuergesche Schoulsystem integréieren.“,huet de Lex Delles gesot. Des weidere gëtt eng Voie Préparatoire fir d’Beruffsausbildung agefouert. Domadder solle verschiddene Secteuren, an deenen zum Beispill déi englesch Sprooch enorm wichteg ass, kënne Fouss ze faassen.

 

Ried vum Lex Delles

 


Lex Delles