Sie sind hier

Staark Gemenge fir méi Liewensqualitéit

News Tribune libre Landesplanung und Wohnen Max Hahn

D’Gemengen spillen an der Organisatioun vun eisem Staat eng ëmmer méi wichteg Roll an hunn sech am Laf vun der Zäit hire neie Missiounen missen upassen: aus Verwaltunge si modern Déngschtleeschtungsbetriber ginn. D’Ufuerderunge vun de Bierger un hir Gemeng sinn haut nämlech ganz villsäiteg: Wou däerf ech nach wéi wunnen? Wéi gi meng Kanner versuergt? Wéi kommen ech esou séier a komfortabel wéi méiglech op meng Aarbecht an erëm heem? Kuerz, et geet ëm d’Liewensqualitéit vun eise Bierger an d’Zäiten, wou d’Kommunalpolitik e bëssen erofwierdegend als Trottoirspolitik bezeechent gouf sinn definitiv eriwwer.

D’Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg kann nëmmen iwwert eng Kombinatioun aus enger intelligenter Landesplanung a staarke Gemengen an d’Luucht goen. D’Rolle vun den eenzele Gemenge mussen am Kader vun der Landesplanung kloer verdeelt ginn: während déi urban Gemenge virun allem Plaz fir d’Wunnen an d’Aarbecht schafe sollen, mussen et och Gemenge ginn déi als eng Zort „gréng Long“ en Equiliber zu dëse Ballungsréim duerstellen. Dat heescht awer net, datt ländlech Gemenge manner wichteg Aufgaben an Erausfuerderungen unzepaken hunn oder d’Bierger aus dëse Regioune vernoléissegt solle ginn.

Ganz am Géigendeel, d’DP setzt sech weiderhinn fir Investitiounen an all Regioun vum Land an. Mir ënnerstëtzen dofir och, datt déi 16 Entwécklungspoler hei am Land iwwert dat ganzt Land verdeelt sinn, a keng Regioun benodeelegt gëtt.

All Gemeng, egal op urban oder ländlech, huet eng wichteg Roll an der Entwécklung vun eisem Land ze spillen. Dofir trëtt d’DP och derfir an, datt all Gemeng déi néideg finanziell Mëttelen zur Verfügung gestallt kritt fir hir Missiounen am Déngscht vum Bierger erfëllen ze kënnen. Nach dëst Joer stëmmt d’Chamber iwwert eng Reform vun de Gemengefinanzen of. Ronn 110 Millioune méi wäert dës Reform all Joer an d’Keese vun de Gemenge fléisse loossen. D’Haaptzil, datt d’Montanten, déi d’Gemenge pro Kapp zur Verfügung hunn, méi no uneneeréckelen, gëtt erreecht, ouni datt eng Gemeng eppes ewechgeholl kritt. Et muss een d’Regierung ausdrécklech derfir luewen, datt si mat dësem Projet eppes fäerdeg bruecht huet, un deem vill Regierunge virdru gescheitert sinn.

D’DP begréisst, datt d’Ecarten tëschent de Gemenge mat dem neie Gesetz méi kléng ginn an de System esou méi gerecht gëtt. Mir wënschen eis allerdéngs fir d’Zukunft, datt ee sech nach méi mat deene spezifeschen Aufgabe beschäftegt, déi déi eenzel Gemengen ze erfëllen hunn a genau opschlësselt, wat dës Aufgaben u Käschte mat sech bréngen. Nëmmen esou kënne mir wierklech erausfannen, wéi vill Suen déi verschidde Gemenge brauche fir hire Bierger déi héchstméiglechst Liewensqualitéit bidde ze kënnen.

D’DP setzt sech fir staark Gemengen am ganze Land an – am Sënn vun der Liewensqualitéit an am Sënn vum Bierger!

AnhangGröße
Audio Icon 20161121_mhahn_tribune_libre.mp35.44 MB