Sie sind hier

Neit Gesetz: De Reseau vun den Vëlospiste besser un d'Besoinen adaptéieren

News Mobilität und Verkehr Max Hahn

Fir dass méi Leit mam Vëlo fueren, mussen d'Konditiounen dofir stëmmen. Dat bedeit ganz konkret: besser Ubannunge vum Reseau un déi kommunal Vëlosweeër an un d'Garen a besser Verbindunge mat der Stad. Dat war de Message vum DP-Deputéierte Max Hahn an der Diskussioun iwwert dat neit Vëlospistegesetz.

Méi Vëlo, manner Auto. Dass dat vill Virdeeler mat sech géif bréngen, dat wier kloer. Vu manner Stau iwwer eng méi propper Loft bis hin zu méi Beweegung fir den Eenzelen. Mee, sou de Max Hahn weider, vill ze dacks géif et de Leit schwéier gemaach ginn, fir den Auto am Garage stoen ze loossen:

Wat mer hei zu Lëtzebuerg brauchen, dat ass en engmaschegt Netz vu Vëlosweeër, déi sécher sinn, déi no sinn, an déi d’Leit dohinner bréngen, wou si himussen. Et ass, an anere Wieder, och einfach eng Saach vum Confort.“

Dofir wier dat neit Gesetz e wichtege Schratt an déi richteg Richtung. Et wier aus den Erfarunge vun de leschte Jore geléiert an de Reseau un déi tatsächlech Besoinen ugepasst ginn.

De Max Hahn huet awer och ënnerstrach, dass dat beschte Gesetz näischt daagt, wann et net ëmgesat gëtt:

Mir hunn haut, sou wäit ech mech net ieren, eng 630 km national Vëlospisten. Dofir hu mir net manner wéi 20 Joer gebraucht. Schonn d’Gesetz vun 1999 huet 900km virgesinn, d.h. mir kéinten eigentlech scho vill méi wäit sinn, et louch net um Gesetz. Haut stëmme mer e Gesetz, dat 1102km erlaabt, also bal dat Duebelt vun deem wat mer bis ewell hunn. Ech mengen, all Mënsch ass sech jo bewosst, dass een net an engem Joer 500km nei Weeër ka bauen. Mee et wier awer eiser Meenung no wierklech net ze vertrieden, wa mer nach eng Kéier 20 Joer bräichten fir de Rescht 585km ze bauen!


Max Hahn