Sie sind hier

Konventioun vu Valetta

News Kultur André Bauler

D’Chamber ratifizéiert d’Konventioun vu Valetta iwwert den archeologesche Patrimoine, dat no bal 25 Joer!

Haut de Mëtte gouf déi europäesch Konventioun iwwert de Schutz vum archeologesche Patrimoine guttgeheescht, déi zanter dem 16. Januar 1992 zu La Valette läit fir ënnerschriwwen ze ginn. Déi aktuell Gesetzgebung gesäit bestëmmten Dispositiounen, déi de Schutz vum archeologesche Patrimoine uginn, vir, virun allem d’Verflichtung fir z’informéiere, wann eng archeologesch Entdeckung gemaach gëtt, wéi awer och d’Méiglechkeet vun der juristescher Protektioun iwwer de Wee vun enger Klasséierung. Dëse Kader ass awer ongenügend, well en net déi international an europäesch Standarde berécksiichtegt.

D’Konventioun vu La Valette dréit der Entwécklung vun de landesplaneresche Politiken an den europäesche Länner Rechnung fir soumat e passende Schutz vum archeologesche Patrimoine ze garantéieren. Dësen ass e wesentlecht Element wann et ëm d’Wëssen iwwer vergaangen Zivilisatioune geet.

Déi wichtegst Neierung vun der Konventioun ass d’Konzept vun der integréierter Conservatioun. Et geet drëm déi respektiv Bedürfnisser vun den Archeologen an déi vun der Landesplanung mateneen an Aklang ze bréngen, dëst andeems drop opgepasst gëtt, datt d’Archeologen sech un de Landesplanungspolitike bedeelege kënnen. Esou soll et zu enger systematescher Konsultéierung tëscht Archeologen, Urbanisten a Landesplaner kommen.

De Rapporteur André Bauler huet seng Interventioun esou ofgeschloss: "D’Konventioun vu Valetta dréit derzou bäi, dass och déi nächst Generatiounen d’Vergaangenheet besser verstinn, datt d’Bierger fir eisen archeologesche Patrimoine sensibiliséiert ginn an dësen net d’Affer vu rengem Profitdenken an illegalem Handel gëtt."

 

 

view video on chd.lu


Ried vum André Bauler

 

Tribune libre vum André Bauler [méi...]

 


André Bauler