Sie sind hier

Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch

News Bildung Kultur Claude Meisch Claude Lamberty Guy Arendt

Am Virfeld vum Debat an der Chamber haten den Educatiounsminister Claude Meisch an de Staatssekretär am Kulturministère, Guy Arendt, een Aktiounsplang fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch ausgeschafft a presentéiert.

Och wann an der leschter Zäit scho vill fir d’Fërderung vun eiser Sprooch gemaach gouf, esou wollt d’Regierung hiert Engagement an deem Beräich nach eng Kéier verstäerken. Mat dësem Aktiounsplang ginn dofir véier grouss, iwwergräifend Ziler an d’Ae gefaast:

  • de Stellewäert vun eiser Sprooch ze verstäerken
  • d’Norméierung, de Gebrauch an d’Etude iwwert eis Sprooch virunzedreiwen,
  • d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur ze fërderen
  • d’lëtzebuergesch-sproocheg Kultur ze promouvéieren.

Fir d’DP huet den Deputéierte Claude Lamberty an der Chamber Stellung geholl.

„Mat dësem Aktiounsplang wëll d’Regierung de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch net nëmmen erhalen, mä weider verstäerken. Et goufen sech ambitiéis Ziler gesat, déi et elo gëllt, am Sënn vun enger laangfristeger Sproochen- a Kulturpolitik an d’Realitéit ëmzesetzen. D’Demokratesch Partei wäert dës Ustrengunge selbstverständlech ënnerstëtzen“, esou de Claude Lamberty.

Hien ass a senger Ried op déi vill Ustrengunge vun der Regierung agaange fir, besonnesch an de Schoulen, eis Sprooch ze fërderen. Déi exzellent Integratiounsaarbecht gouf gelueft an deem Kontext gelueft. Et sollt ee schliisslech net vergiessen datt all Kand, dat hei am Land eng staatlech Schoul duerchleeft, gewéinlech och Lëtzebuergesch kéint schwätzen. Dat wier schonn eng immens grouss Leeschtung.

Ee weidere Punkt deen de Claude Lamberty ervirgestrach huet, ass d’Initiativ vun der Regierung de Stellewäert vum Lëtzebuergeschen och op europäeschem Plang ze verstäerken. Ähnlech wéi d’Sproochegesetz vun 1984 et hei am Land virgesäit, sollen nämlech an Zukunft all d’Bierger d’Méiglechkeet kréien sech op Lëtzebuergesch un d’EU-Institutiounen z’adresséieren an och eng Äntwert op Lëtzebuergesch ze kréien. Dat wier et wat de Bierger an enger 1.Etappe konkret bréicht.

 

 

Zum Schluss huet de Claude Lamberty nach betount, datt d’Stäerkung vun eiser Sprooch op kee Fall op d'Käschte vun eiser Villsproochegkeet dierft goen.

Lëtzebuergesch op der enger, an eis geliefte Méisproochegkeet op der anere Säit. Fir d'Demokratesch Partei sinn dat eis zwee Standbeen, déi eis vu ville ënnerscheeden, déi eis auszeechnen an op déi mir kennen a sollen houfreg sinn.

view video on chd.lu


Ried vum Claude Lamberty

 

view video on chd.lu


Ried vum Educatiounsminister Claude Meisch

 

view video on chd.lu


Ried vum Staatssekretär Guy Arendt

 


Claude Lamberty

Claude Meisch

Guy Arendt