Sie sind hier

Méisproocheg Kannerbetreiung

News Bildung Claude Meisch Claude Lamberty Gilles Baum

Vum Hiersch u kënnen all d’Kanner tëschent engem a 4 Joer vun 20 Stonne gratis Kannerbetreiung profitéieren. Fir den DP-Deputéierte Gilles Baum wäert dës Offer d’Integratioun vun alle Kanner verbesseren. Domadder  géing di sozial Kohäsioun gefërdert an an engems kréichen di jéngste Kanner gutt Start- an Erfollegschancen an d’Liewen. An zwar onofhängeg vun de Kanner hirer socio-economescher Ausgangsbasis.

Méisproochegt Konzept

An enger Zäit wou d’Kanner tëschent engem a 4 Joer souwisou op grousser Entdeckungsrees sinn, an alles opsaugen ewéi ee Schwamp, gëtt dervunner profitéiert, fir si spilleresch a kandgerecht un déi lëtzebuergesch an un di franséisch Sprooch ze gewinnen.

Duerch kléng Lidder oder Kuerzgeschichten entwéckelen d’Kanner ee Gespier an een Ouer fir dës Sproochen an hire Virwëtz gëtt gekëddelt. D’Freed an d’Loscht un den zwou Sprooche solle bei de Kanner nämlech am Mëttelpunkt stoen.

D’Regierung stäerkt och de Stellewäert vun der Lëtzebuergescher Sprooch. Mat der méisproocheger Kannerbetreiung kënnt d’Lëtzebuergesch nämlech och a Crèchen eran, wou bis elo nëmme Franséisch geschwat gouf. Dëst mécht et an Zukunft ville Kanner, besonnesch mat romanophonen Hannergrënn, méi einfach fir sech an eiser Gesellschaft op Lëtzebuergesch z’integréieren an am Cycle 2 op Däitsch liesen a schreiwen ze léieren.

Besser Startchancë fir all Kand

De Programm vun der méisproocheger Erzéiung gesäit eng gratis Betreiung vun 20 Stonnen d’Woch fir, 46 Wochen am Joer fir all Kand tëscht 1 a 4 Joer. Dat ass eng substantiell Entlaaschtung, vun däer vill Elteren hei am Land wäerte profitéieren.

view video on chd.lu

view video on chd.lu

view video on chd.lu


Gilles Baum

Claude Lamberty

Claude Meisch