Sie sind hier

André Bauler : D’Nationalarchive brauchen onbedéngt en neit Gebai a méi Personal

News Gesellschaft André Bauler

„Nieft méi Personal brauchen d’Archiven onbedéngt en zäitgeméisst Gebai an dat néidegt Personal“, dat war de Constat vun eisem Deputéierten André Bauler en Donneschdeg an der Chamber, wou an enger Question élargie iwwer d’Nationalarchive Riets war.

De Problem wier kloer, esou de Member vun der Kulturkommissioun vun der Chamber: „Déi aktuell Raimlechkeeten am fréiere Militärspidol vun der Festung platzen aus alle Néit. D’Dokumenter mussen op Plaze stockéiert ginn, wou se net sécher sinn. Also alles an allem keng zäitgeméiss Konditiounen, fir d’Memoire vun eisem Land uerdentlech ze verschaffen an ze versuergen“.

Dat éischt Archivgesetz ass ziort gestëmmt ginn, esou den André Bauler, dee vun engem Paradigmewiessel vun der Manéier, wéi mer hei am Land archivéieren, geschwat huet. Virdrun hätt et keng richteg Archivkultur zu Lëtzebuerg ginn.

Zanterhier géif et eng Verflichtung, datt déi Dokumenter, déi als Archives publiques definéiert an als historesch wäertvoll agestuuft gi sinn, missten un d’Nationalarchiv goen, wann d’Dokumenter keen administrativen Notze méi hätten.

Et wier awer kloer, datt ee mat dëser Reform méi Personal, besonnesch méi spezialiséiert Personal, fir eis national Archive bräicht.

Den Drock op d’Personal vun de Staatsarchive wier grouss. Zemol well Historiker vun Unien oder aus dem Institut fir Zäitgeschicht gären Accès zu bestëmmten Dokumenter hätten, déi awer nach net accessibel sinn, well se eben nach missten opgemaach a verschafft ginn. Dat géif den Drock op d’Personal natierlech erhéijen.

 


André Bauler