Sie sind hier

Weider Hëllefe fir de Mëttelstand

News Ausnahmezustand Finanzen Mittelstand Lex Delles

D’Covid-19-Kris ass eng grouss Erausfuerderung fir eis Ekonomie. Besonnesch déi kleng- a mëttelgrouss Entreprisen hunn et schwéier fir hir Fraisen ze decken. Dofir huet de Mëttelstandsminister Lex Delles séier reagéiert an huet weider net-remboursabel Hëllefe lancéiert.

Zousätzlech 5.000 Euro fir ganz kleng Entreprisen

Entreprisen, déi manner wéi 10 Salariéë beschäftegen, kréien nach eemol 5.000 Euro. Suen, déi net musse rembourséiert ginn a steierfräi sinn. D‘Betriber musse just eng vun de folgende Konditiounen erfëllen: entweder si hu mussen zoumaachen oder si hunn eng Baisse vum Chiffre d’affaire vu 50% oder méi. „Et geet hei drëms, de klenge Betriber séier an effikass kënnen ze hëllefen. Fir si ass dat liewenswichteg“, betount de Mëttelstandsminister Lex Delles.

12.500 Euro fir mëttelgrouss Entreprisen

Fir Betriber mat 10 bis 20 Mataarbechter, déi och 50% oder méi Perte vum Ëmsaz hunn oder hu musse ganz zoumaachen, ginn et bis 12.500 Euro – och net-remboursabel a steierfräi.

Neie Krittär fir 5.000 Euro Direkthëllef ze kréien

Déi Direkthëllef, déi de 25. Mäerz agefouert ginn ass, fir Betriber, déi hu missen zoumaachen, kënnen elo och esou Betriber kréien, déi net hu mussen zoumaachen, ma op d‘mannst d‘Halschent vun hirem Ëmsaz agebousst hunn.

Bal 9 Milliarden Euro fir der Ekonomie ze hëllefen

Dës nei Mesurë komplettéieren den ëmfaassende Stabilisatiounspak, dee vun der Regierung ausgeschafft ginn ass, fir Entreprisen, Start-uppen, Salariéen, Fräiberuffler a Kënschtler an dëser schwéierer Zäit z‘ënnerstëtzen. Et gëtt op der enger Säit de Chômage partiel – fir e gudden Deel vun der Masse salariale vun den Entreprisen z’iwwerhuelen – ma och eng ganz Panoplie vun direkten Aiden.

Déi éischt direkt Hëllefe sinn e puer Deeg no der forcéierter Fermeture agefouert ginn. Eng Aide vu 5.000 Euro fir Betriber mat bis zu 9 Mataarbechter, wann d’Entreprise huet mussen zoumaachen. „Et ass ganz wichteg, dass déi verschidden Hëllefen aneneegräifen; mir analyséiere permanent déi wirtschaftlech Konsequenze vun der COVID-19-Pandemie a passen eis Hëllefsmesüren entspriechend un“, esou nach de Ressortminister Lex Delles.


➡️ Weider Informatioune fannt dir op https://coronavirus.gouvernement.lu/lb.html


Lex Delles