Sie sind hier

Reform vun der Fleegeversécherung

News Gesundheit und Pflege Edy Mertens Alexander Krieps

Fir den DP-Deputéierten Edy Mertens ass d’Fleegeversécherung eng vun de wichtegste sozialen Errongenschaften zu Lëtzebuerg, déi et gëllt fir d'Zukunft ofzesécheren. Ëmmer méi Leit sinn op Hëllef ugewise fir hiren Alldag ze meeschteren. Bis d’Joer 2030 gëtt mat 18 000 Beneficiairë vun der Fleegeversécherung gerechent. Beonrouegend ass virun allem, datt d’Depense méi séier klamme wéi d’Recetten. „Dofir felicitéiert d’DP der Regierung ausdrécklech fir hire Courage, dësen sécherlech net ganz einfache Projet op eng ganz onopgereegten Aart a Weis an am Dialog mat all den Acteuren ugepaakt ze hunn“, esou den Edy Mertens.

En Erofsetze vun de Qualitéitsstandarden ass mat eis net ze e maachen“, betount den Edy Mertens, fir deen d’Qualitéit vun de Prestatiounen an de Patient am Mëttelpunkt stinn. Wann ee vu Qualitéit schwätzt, schwätzt ee virun allem iwwert d’Fleegepersonal, dat eng exzeptionell Aarbecht um Terrain leescht: „Et kann ee net genuch betounen, datt eise System net fonctionnéiere géif ouni déi vill motivéiert Fleegeléit, déi Dag fir Dag dausende Leit zu Lëtzebuerg ënnerstëtzen. Et muss een déi Leit awer och hir Aarbecht maache loossen ouni si mat Bürokratie ze iwwerlueden, ënnert däer am Endeffekt d’Patiente leiden.

En drëtte Pilier, deen d’DP-Positioun auszeechent, ass e bessere Contrôle an der Fleegeversécherung fir Abus’en ze verhënneren. Virun allem beim sougenannte „aidant informel“ sinn an der Reform grouss Efforte gemaach ginn.

view video on chd.lu

Nieft der wichteger Roll vun der Preventioun lueft den Alexandre Krieps, datt d’Reform e besseren Encadrement fir dement Patiente schaaft.

D’Dokteren Edy Mertens an Alexandre Krieps sinn der Meenung, datt d’Reform vun der Fleegeversécherung an déi richteg Richtung geet a ville Patiente wäert hëllefen och an Zukunft, déi Fleeg ze kréien, déi si an hirem Alldag brauchen.

view video on chd.lu

 


Edy Mertens

Alexander Krieps