Sie sind hier
Gilles Baum neie Fraktiounspresident

D'DP-Fraktioun huet haut de Moien de Gilles Baum eestëmmeg als hire neie President gewielt. De 47 Joer ale Ost-Deputéierte sollt ursprénglech den 1. Januar 2021 d'Spëtzt vun der DP-Fraktioun iwwerhuelen. Nom onerwaarten Dout vum Eugène Berger iwwerhëlt hien dës Aufgab elo schonn ab haut.
"Ech sinn houfreg op d’Vertraue wat meng Kolleege mir entgéintbruecht hunn, och wann ech mir natierlech aner Ëmstänn gewënscht hätt. Ech wäert dës Funktioun mat dem néidege Respekt an a Gedenken un dem Eugène seng Verdéngschter ausüben", esou de Gilles Baum.
Anhang | Größe |
---|---|
![]() | 39.16 KB |