Sie sind hier

1-Euro-Gesellschaft: Eng grouss Chance fir jonk Entrepreneuren

News Mittelstand Simone Beissel

D’Chamber huet dëse Mëttwoch d’Creatioun vun enger sougenannter SARL simplifiée beschloss. Dës nei Gesellschaftsform erlabt et, eng SARL ze grënnen ouni dat üblecht Kapital vun 12.000 Euro opbréngen ze mussen, wat virun allem jonken Entrepreneuren an deenen déi et wëlle ginn vill nei Perspektiven bitt.

D’DP-Deputéiert Simone Beissel huet dës Ouverture an der Chamber begréisst: „D’Opbréngen vun engem Ufankskapital an Héicht vun op mannst 12.394,68 Euro huet bis elo eng grouss Hürd fir vill jonk Entrepreneure bedeit. Wann e jonke Mënsch frësch vun der Uni kënnt, keng finanziell Ënnerstëtzung vun den Elteren oder vu soss engem net méiglech ass, dann ass et nawell net evident 12.000 Euro opzedreiwen. An dobäi ass et schued, wann duerch e Mangel u Kapital déi Jonk sech géint d’Eegestännegkeet decidéieren, obwuel si eng gutt Iddi an déi néideg Motivatioun hunn.

Virun allem Iddien, déi fir den Ufank keng grouss Investitioune benéidege kënne vun der SARL simplifiée profitéieren. „Ech denken hei zum Beispill un ganz vill Iddien am IT Secteur, Software Programméierungen, Berodung an esou weider“, esou d’Simone Beissel, „Lëtzebuerg kann et sech net erlaben, jonk an och manner jonk Leit mat gudden Iddien, Courage an Kompetenz alleng ze loossen, wann si u finanziellen Hürde scheitere, fir hir Iddien ëmsetzen.

Am Ausland gëtt et schonn ähnlech Konstrukter wei deen, dee mir haut creeéieren, an dofir ass et ëmsou mei wichteg, datt Lëtzebuerg net den Uschloss un d’Start-Up Well ze verléieren, déi de Moment duerch Europa an déi ganz Well schwappt.

D’Simone Beissel huet awer och gefuerdert, datt d’Konzept vun der SARL simplifiée soll no e puer Joer an der Praxis op seng Stäerkte a Schwächten evaluéiert ginn.


Ried vum Simone Beissel

 


Simone Beissel