Sie sind hier

Policereform: „Wou Police drop steet, soll och Police dra sinn.“

News Justiz und Sicherheit Max Hahn

Wéi eng Form d’Policereform soll unhuelen, ass leschten Dënschden an der Chamber debattéiert ginn. 17 Joer no der Fusioun vun der Gendarmerie an der Police an engem Audit, deen d’Schwaachstelle vun der Police Grand-Ducal un den Dag geluecht huet, wäert an e puer Wochen de Projet deponéiert ginn.

D’territorial Organisatioun, d’Ëmstrukturéierung vun der Police judiciaire an d’Aféiere vun neie Carrièren hunn zu de groussen Theme vun der Debatt gezielt. Déi nei Reform wäert et als Ziel hunn d’Police un déi sozial, demografesch a wirtschaftlech Realitéite vun haut unzepassen. Säit der Fusioun zwëschent der Police an der Gendarmerie 1999, sinn d’Gesellschaft zu Lëtzebuerg an den internationale Kontext net méi déi selwecht. Deemno muss d’Police kënne beschtméiglech opgestallt si fir op heitech Erausfuerderungen optimal äntweren ze kënnen.

D’Demokratesch Partei begréisst an dem Sënn den Exercice vum externen Audit fir d’Funktionnement vun der Police z’analyséieren a Verbesserungsvirschléi ze proposéieren, hofft awer datt an Zukunft keng 16 Joer méi musse vergoe bis néideg Upassunge gemaach ginn.

Ee Punkt vun der Reform, deen am Kader vun der territorialer Reorganisatioun vun der Police am Virfeld scho fir e puer hëtzeg Debatte gesuergt huet, ass dee vum Zesummeleeë vun de Commissariats de Proximité, d’CPen. CPen, wéi hire Numm et jo scho seet, sollen no um Bierger sinn. Den Audit huet awer misste feststellen, dass de Service um Bierger net deen ass deen en eigentlech sollt sinn. „Do wou Police dropsteet soll och Police dra sinn“, huet de Süd-Deputéierte Max Hahn ënnerstrach a gemengt et wier an enger éischter Phase wichteg de Waasserkapp an der Police, a besonnesch an de Commissariats de proximité a Commissariats d’intervention, ze verklengeren an domat eng ganz Partie Polizisten zeréck op den Terrain ze kréien.

Ech menge mir duerfen eis der Realitéit net verschléissen an à tout prix drop pochen, dass all d’CPen musse bestoe bleiwen. D’Fusioune kënnen den Erausfuerderunge Rechnung droen andeems se d’Disponibilitéit vun de Beamten um Terrain erhéijen, si mussen dat awer net onbedéngt, an dofir begréisst d’Demokratesch Partei, dass dës Entscheedungen am Dialog mat de Gemenge gemaach ginn ass. D’Zesummeleeë kann op der enger Plaz Sënn maachen an op der anerer net. Dofir ass et wichteg Fall fir Fall ze préiwen a sécherzestellen, dass d’Haaptzil erreecht gëtt: d’Präsenz um Terrain ze erhéijen! All Gemeng huet seng Spezifizitéiten an dofir muss héi „sur mesure“ geschafft ginn“, huet de Max Hahn weiderhi betount.

Ofschléissend huet den DP-Deputéierte Max Hahn erënnert, datt et bei dëser Reform ëm méi wéi performant Material muss goen: „D’Politik ass och gefuerdert fir d’Efficacitéit ze erhéijen. Ech denken do e.a. un de Platzverweis, un d’Agents municipauxen, un d’Iwwerdenke vun eiser repressiver Drogepolitik an un d'Verhënnere vun de steigenden Attacken op Polizisten.“


Ried vum Max Hahn

 


Max Hahn