Sie sind hier

Freed a Leed, no beienaner…

News Frank Colabianchi

Kuerz virun 3 Auer ass de Mëtteg de Frank Colabianchi als neien Deputéierten um Krautmaart vereedegt ginn. De Bartrenger Buergermeeschter ersetzt domadder d’Anne Brasseur, déi sech op den 31. Januar aus dem Parlament zeréckgezunn huet.

De Frank Colabianchi huet bei senger Untrëttsried och un de kierzlech verstuerwenen Niki Bettendorf erënnert, ee vun de Virgänger vum neien Deputéierten um Poste vum éischte Bierger vu Bartreng. De Frank Colabianchi huet vun engem emouvanten Ament geschwat, bei dem Freed a Leed géingen no beienee leien. An huet sech d’Fro gestallt, Ween sech méi gefreet hätt, datt hien elo an d’Chamber kënnt: Den Niki oder hie selwer?

De Frank Colabianchi gëtt Member vun der Landwirtschaftskommissioun, vun der Budgetkontrollkommissioun a vun der Kommissioun fir Héichschoul, Recherche a Medien.

Virun der Vereedegung vum Frank Colabianchi hat och de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo un d’Liewen an un déi politesch Carrière vum Niki Bettendorf erënnert.

Schliisslech gouf der Anne Brasseur - déi op der ëffentlecher Tribün Plaz geholl hat – den Éierentitel als Deputéiert zougesprach.

 


Frank Colabianchi

Anne Brasseur