Sie sind hier

Scheedungsreform gestëmmt

News Familie Gesellschaft Eugène Berger

D’Gesetz, dat d’Chamber gestëmmt huet, besteet aus dräi Elementer, déi d’Familljerecht zu Lëtzebuerg moderniséieren. Dat éischt ass d’Schafe vun engem Familljeriichter, deen sech an Zukunft iwwer alleguerten d’Affären am Familljerecht bekëmmert, déi bis elo iwwer e puer Geriichter verstreet waren. Den DP-Fraktiounschef Eugène Berger: „Op dësem Punkt si mir als DP zu 100% averstanen. Mir hoffen, datt de "juge aux affaires familiales" dat hält, wat e versprécht, nämlech eng méi effikass a séier Prozedur, déi ëmmer den Interêt vun engem intakte Familljeliewen am A soll hunn.

En zweete Volet sinn d’Modifikatioune ronderëm d’Autorité parentale. Den Eugène Berger: „Et ass am 21. Joerhonnert net méi wéi richteg, datt déi zwee Elterendeeler, egal fir wat fir ee Liewensmodell si sech entscheet hunn, zesumme verantwortlech si fir d’Erzéiung vun hirem Kand.

20 Joer gouf un der Reform vum Scheedungsrecht geschafft. An deenen 20 Joer goufen iwwer 20.000 Koppele gescheet. „Et kann een also dervun ausgoen, datt ronn 40.000 Bierger an hir Kanner vun der Gesetzgebung iwwer d’Scheedung betraff waren“, rechent den Eugène Berger vir. Den Divorce huet sech also zu engem gesellschaftleche Phänomen entwéckelt.

Elo muss net all Scheedung direkt an engem mënschlechen Drama landen. Heiansdo ass et och einfach de Constat vun engem oder vun zwee Mënschen, datt d’Léift fir de Partner net méi do ass. An esou engem Fall sollt eng Scheedung relativ einfach sinn, géif ee mengen. „An eisem aktuelle System ass dat awer guer net esou einfach. Mat dem neien „divorce pour rupture irrémédiable“ ass et an Zukunft méiglech, datt just nach ee vun de Partner feststellt, datt d’Bestietnes net méi fonctionnéiert an datt d’Scheedung net méi ze verhënneren ass“, erkläert den Eugène Berger. Den „divorce pour faute“ gëtt ofgeschaaft an d’Faute gëtt just nach als Element bei verschidde Gewaltdoten zréckbehalen.

D’DP huet eng Motioun matgedroen, an där d’Chamber no dräi Joer e Bilan vun dësem Gesetz freet. „Mir wëlle virun allem sécher goen, datt mat der Reform vum Divorce keng Bierger an onzoumuttbar finanziell Situatioune kommen“, esou nach den Eugène Berger.

 


Eugène Berger