Sie sind hier

Fräihandelsofkommes mat Kanada: Sachlech a mat Verstand un de CETA eru goen

News Außenpolitik Gusty Graas

Eng Majoritéit vun de Deputéierten hunn en Dënschden eng Motioun gestëmmt déi d’Regierung opfuerdert, sech dofir anzesetzen, datt déi nationaler Parlamenter bei der Ratifikatiounsprozedur vum Fräihandelsofkommes mat Canada matbestëmme kënnen.

Nei Reegele sollen den Handel zwëschent der EU a Kanada duerch, ënner anerem, d’Ophiewe vun Zolltariffer, d’Kooperatioun um reglementären Niveau an e previsibele Kader fir Investisseuren, vereinfachen.

Den Accord, dee säit 2014 fäerdeg verhandelt ass, kënnt elo an d’Ratifikatiounsprozedur. Fir datt déi national Parlamenter och driwwer ofstëmme kënnen, muss déi europäesch Commissioun dësen Accord awer nach als „mixte“ astufen. Nëmmen da wäerten déi 60 Deputéierten iwwert déi Deeler vum Accorden, déi der nationaler Souveränitéit ënnerleien, ofstëmme kënnen.

Prinzipiell ass d’DP fir Fräihandelsofkommes, et dierf een esou Accorden net als Monstruum histellen. Ouni Handel gëtt et keng staark Economie“, sou de Süd-Deputéierte Gusty Graas. An dem Kontext huet hien och d’Engagement vun der Zivilgesellschaft geluewt an drun erënnert, datt et d’Roll vun der Politik ass, d’Suerge vun de Bierger eescht ze huelen. De Gusty Graas huet dofir drun erënnert: „CETA ass net TTIP, an TTIP ass net CETA. Et ass wichteg bei esou Dossieren nuancéiert un d’Saach erun ze goen an net vu vir era Perspektiven ze verbauen.

4 rout Linnen huet sech d’Demokratesch Partei awer zum CETA ginn. Europäesch Sozial- oder Ëmweltstandarden dierfen op kee Fall verwässert ginn. Et muss sech ëm een sougenannten „accord mixte“ handelen, fir datt déi national Parlamenter mat ofstëmme kënnen. Den Accord dierf net virum Vote vum Europaparlament a Kraaft trieden an d’Onofhängegkeet vun den Investitiounsgerichter muss garantéiert ginn.

Weider Informatiounen

Ried vum Gusty Graas [méi...]

Gusty Graas