Sie sind hier

Budget 2018

News Finanzen Joëlle Elvinger Gilles Baum Eugène Berger Pierre Gramegna

Liewensqualitéit, Kompetitivitéit a Kontinuitéit.

Kuerz virun de Feierdeeg goufe mam Vote vum Budget op een Neits d’Jalone fir d’Zukunft gesat. Schonn am Oktober huet de Finanzminister Pierre Gramegna de Staatsbudget fir d’Joer 2018 an der Chamber presentéiert. „Liewensqualitéit, Kompetitivitéit a Kontinuitéit. Dat sinn déi dräi Wierder mat deenen een de Budget 2018 zesummefaasse kann“, esou de Pierre Gramegna op der Chamberstribün.

Et ass ee Budget vun der Liewensqualitéit, well de Schwéierpunkt ganz kloer op Verbesserunge läit, déi de Leit d’Liewen am Alldag méi liicht maachen. Zudeem ginn 2018 vill Mesuren am Interêt vun de Kanner an de Familljen ëmgesat. De Klimaschutz an d’Solidaritéit ënnert de Leit si weider Prioritéiten, déi hiren Nidderschlag am Budget 2018 fannen.

Et ass ee Budget vun der Kompetitivitéit, well d’Weiche fir een nohaltegen a qualitative Wuesstem gestallt ginn.

Schlussendlech ass et ee Budget vun der Kontinuitéit, well d’Politik, déi déi lescht Joren op d’Schinne gesat gouf, vun der Regierung weiderhi konsequent ëmgesat gëtt.

D’Joëlle Elvinger ass Budgetsrapportrice

Nodeems de Fraktiounspresident Eugène Berger Rapporteur vum Staatsbudget fir d’Joer 2014 genannt gouf, war et an dëser Legislaturperiod eng zweete Kéier vun engem DP-Deputéierte fir de Budgetrapporteur dierfen an der Chamber virzestellen. Dëst Joer krut d’DP Deputéiert Joëlle Elvinger d’Vertraue vun de Kollegen aus der Finanzkommissioun ausgesprach. „De Budget ass dat wichtegst Gesetz vum Joer. Ech sinn immens houfreg, datt ech als relativ jonk Deputéiert dës Aufgab hunn dierfen iwwerhuelen“, esou d’Joëlle Elvinger.

„Budgetspolitik ass Gestaltungpolitik“ – Joëlle Elvinger, DP-Deputéiert a Budgetsrapportrice

D’DP-Deputéiert vu Walfer huet sech am Virfeld vum Budgetsrapport mat villen Acteure gesinn, well him den Input vum Terrain um Häerz leit. Nieft deene méi klassesche Gespréichspartner ewéi zum Beispill déi ënnerschiddlech Beruffskummeren, huet d’Joëlle Elvinger awer och drop gehale fir deene Jonken eng Stëmm ze ginn. „Budgetspolitik ass Zukunftspolitik. D’Entscheedunge vun haut betreffe virun allen déi jonk Leit, d’Kanner a Jugendlech. Mir war et dofir wichteg, och mat hinnen iwwert de Budget ze diskutéieren an d’Saachen aus hirem Bléckwénkel ze gesinn. Dat war eng wonnerbar Erfarung.

Eng modern Bildungs- a Familljepolitik

Fir d’Regierung ass et kloer, datt een eng Politik brauch, déi d’Jalone fir d’Zukunft setzt, an déi d’Upassungen do mécht wou se néideg sinn fir de reelle Besoine vun der Gesellschaft entgéint ze kommen. An enger Welt déi ännert, kënnen d’politesch Léisungen net méi déi nämlecht bleiwen. Am Budget 2018 si vill esou Upassunge festgehalen.

D’Demokratesch Partei setzt sech fir eng modern Bildungs- a Familljepolitik am Zeeche vun der Zäit an. Fir de Beruff an d’Privatliewe besser ënnert een Hutt ze kréien, kënnen d’Familljen dofir zënter e puer Méint vun dem neien, méi flexibele Congé parental profitéieren, deen de jonken Elteren däitlech méi Zäit mat hirer Famill erlaabt. Och de Pappecongé bei der Gebuert vum Kand geet dofir elo vun 2 op 10 Deeg an d’Luucht.

Däitlech Entlaaschtung

D’Regierung kënnt de Leit och weiderhi mat Sachleeschtungen entgéint. Nieft der Offer vun enger 20 Stonne gratis Kannerbetreiung fir d’Kanner tëschent engem a véier Joer, wäerten ab nächster Schoulrentrée och d’Schoulbicher fir d’Lycéesschüler gratis ginn. De Fraktiounschef Eugène Berger huet a senger Interventioun ënnerstrach, datt grad Famillje mat Kanner duerch déi sozial selektiv Steierreform an duerch déi rezent Verbesserungen an der Bildungs- a Familljenpolitik däitlech entlaascht ginn a soumat an Zukunft däitlech méi Kafkraaft kréien.

D’Zuele schwätze fir sech

Fir de Fraktiounschef Eugène Berger kann sech dëse Bilan weise loossen. „D’Staatsschold an de Chômage am Land ginn erof, mir hunn de Leit duerch déi sozial selektiv Steierreform däitlech méi Kafkraaft ginn, an d’Regierung mécht weider Rekordinvestissementer an d’Zukunft. Mir sinn um richtege Wee!“, esou de Fraktiounschef vun der DP.

Och de Finanzminister Pierre Gramegna huet ënnerstrach, datt et dem Land haut besser geet ewéi nach 2013. „Lëtzebuerg huet erëm ee gewëssene Spillraum a Reserven opgebaut. Mir sinn nach net um Enn vun eise Beméiungen ukomm, et gëllt weider eng virsiichteg an nohalteg Finanz- a Budgetspolitik ze maachen, am Interêt vun deenen nächste Generatiounen.

Hannert de plakegen Zuele sti konkret Moossnamen

Vill méi wichteg ewéi plakeg Zuele sinn awer konkret politesch Moossnamen, déi de Leit d’Liewen am Alldag erliichteren, a gläichzäiteg d’Erausfuerderunge vun haut a muer uginn. D’Budgetsrapportrice Joëlle Elvinger huet betount, datt de Staatsbudget jiddwer eenzele vun eis betrëfft, mee d’Politik fir eng Grupp an dësem Land eng besonnesch Verantwortung huet:

Dat sinn déi vill jonk Leit, d'Kanner an déi Jugendlech hei am Land. Well et sinn si, fir déi d'Entscheedunge vun haut eng besonnesch Bedeitung hunn. Si sinn et déi am längste mat den Entscheedunge vun haut liewe mussen.
Joëlle Elvinger, Budgetsrapportrice

D’DP-Deputéiert huet a sengem Rapport ervir gehuewen ewéi d’Politik de Leit an de leschte Joren entgéint komm ass. De Wonsch no méi Flexibilitéit, d’Defie vun enger digitaler Aarbechtswelt, d’Noutwendegkeet vu klimafrëndlechen Alternative sinn alles Themefelder, bei deenen de Stëllstand keng Optioun ass. „Mir sinn deene Jonke Léisunge schëlleg. Mir sinn dat schëlleg, well mir Verantwortung wëllen iwwerhuelen an hinnen déi beschtméiglechst Chance wëlle ginn“, esou d’Joëlle Elvinger.

Konkret Moossname sti sécherlech och hannert deenen 2,365 Milliarden Investitiounen, déi dëst Joer am Budget virgesi sinn. Fir den DP-Deputéierten a neie Generalsekretär Claude Lamberty sinn Investitioune kee Selbstzweck, mä de Schlëssel fir och an Zukunft eis héich Liewensqualitéit z’erhalen.

Budget 2018: Gudde Cru fir d’Familljepolitik

Fir den DP-Ost-Deputéierte Gilles Baum ass de Staatsbudget vum nächste Joer dee familljefrëndlechsten, dee jee an der Chamber gestëmmt gouf. Déi gratis Kannerbetreiung, de méi flexibele Congé parental, den neie Congé de paternité, d’Gratuitéit vun de Schoulbicher fir d’Lycéesschüler, d’Adaptatioun vun der Allocation de vie chère an d’Aféiere vum REVIS sinn alles Moossnamen, déi de Staatsbudget 2018 laangfristegpräge wäerten.

D’Demokratesch Partei ass 2013 mat enger Zukunftsvisioun an d’Wahle gaangen, déi op enger méi gerechter, selektiver an zukunftsorientéierter Politik baséiert. Ech ka mat grousser Zefriddenheet feststellen, datt d’Regierung dës Visioun mat dem Budget fir d’Joer 2018 weider konsequent ëmsetzt“, esou de Gilles Baum op der Chamberstribün.

 

Ried vun der Rapportrice Joëlle Elvinger

 


Joëlle Elvinger

Eugène Berger

Claude Lamberty

Gilles Baum