Sie sind hier

Eise kulturelle Patrimoine am Mëttelpunkt!

News Tribune libre Kultur André Bauler

Eisen archeologesche Patrimoine schützen, eis Geschicht respektéieren, eis kulturell Identitéit stäerken!

Léif Nolauschterer,

Virun e puer Méint huet eist Parlament no iwwer 30 Joer déi europäesch Konventioun vu Granada ratifizéiert an där kloer Reegelen opgestallt goufe fir de Schutz vun eisem architektonesche Patrimoine ze garantéieren.

Wa mir als Tourist an d’Ausland fueren, da besiche mir dacks als éischt en historescht Gebai, e Schlass oder eng Kierch, en ale Park mat geschützte Beem oder mir bewonnere restauréiert Doléiner- an Aarbechterhaiser. Ouni dës al Architektur hätten Uertschafte kee Charme a kee Charakter.

Den architektonesche Patrimoine ass also, nieft der Sprooch oder den Traditiounen, en Element vun der kultureller Eegenaart vun engem Land. Och eis Baukultur mécht de Charakter vun eisem Land aus. Lëtzebuerg huet vill Trëmp, mat deenen ee sech am Ausland ka weise loossen, dat gëllt och fir eis wäertvoll architektonesch Ierfschaft.

Dës Woch wäert eist Parlament d’Konventioun vu La Valette per Gesetz ratifizéieren, 25 Joer nodeems se am Kader vum Europarot ënnerschriwwe gouf. Hei geet et ëm de Schutz vun eiser archeologescher Ierfschaft. D’Konventioun liwwert eng eenheetlech Definitioun vum  archeologesche Patrimoine. Och gëtt an dësem Gesetz de Prinzip vun der finanzieller Ënnerstëtzung vun der archeologescher Fuerschung duerch déi ëffentlech Hand verankert.

An eiser Zäit ginn d’Landesplanung an den Aménagement communal grouss geschriwwen. Dofir soll an Zukunft nach méi drop opgepasst ginn, datt d’Archeologen sech un de Planungspolitike bedeelegen, sou datt et zu enger systematescher Konzertéierung tëscht Archeologen, Urbanisten a Landesplaner kënnt.

Dëst ass ëmsou méi wichteg well eise Lëtzebuerger Buedem räich un anticke Schätz ass. Nach viru kuerzem goufen am Éislek iwwer eng Dose Griewer aus der Réimerzäit entdeckt. Et ass näischt méi wéi selbstverständlech, wéi dës Entdeckungen ze schützen. Si sinn Zeie vun eiser Kulturgeschicht. Mat dësen Objete kéiere mir ëmmer erëm zu de Quelle vun eiser Geschichtsschreiwung zréck an domat zu den Urspréng vun der europäescher Zivilisatioun.

D’Konventioun vu Valetta dréit derzou bäi, dass och déi nächst Generatiounen d’Vergaangenheet besser verstinn, datt d’Bierger fir eisen archeologesche Patrimoine sensibiliséiert ginn an dësen net d’Affer vu blanke Profitdenken an illegalem Handel gëtt.

André Bauler

 


André Bauler

AnhangGröße
Audio Icon 20161114_abauler_tribune_libre.mp34.65 MB