Sie sind hier

D’DP steet fir e staarke Mëttelstand

News Wirtschaft Joëlle Elvinger

Kleng a mëttel Betriber sinn de Motor vun der Croissance

Dës Woch gouf an der Chamber iwwert eis kleng a mëttel Entreprise geschwat. Praktesch all zweeten hei zu Lëtzebuerg schafft fir eng PME. „D’Demokratesch Partei ass sech bewosst, dass dës Betriber de Motor vun der Croissance a domadder och vum Wuelstand vun eisem Land sinn! Dofir ass et wichteg, dass et hinne gutt geet a mir hinnen e Kader setzen an deem si an hir eegen Zukunft investéiere kënnen“ esou d’Joëlle Elvinger.

 

Nei Hëllefe fir d’PMEen

Dat neit Gesetz iwwert d’Hëllefen fir d’PMEen, wat elo um Instanzewee ass, deblockéiert déi néideg Fonge fir eise PMEen ze hëllefen. 89 Milliounen Euro sollen de PMEen fir den Zäitraum 2017-2021 zur Verfügung stoen. Dat si 27% méi wéi fir d’Periode vun 2012-2016. Doniewent erméiglecht dat neit Gesetz iwwert d’Hëllefen fir d’Innovatioun dass kleng a mëttel Betriber, déi momentan nach net esou vill an d’Recherche investéieren, méi einfach un dës Hëllefe kommen.

 

Digitalisatioun als Erausfuerderung

D’Joëlle Elvinger sot och, dass d’Digitalisatioun fir vill PMEen eng grouss Erausfuerderung ass. Mat der Initiative Digital Lëtzebuerg ass eis Regierung am gaangen d’Land fit ze maachen an Domäne vun den ICTen. Et soll och méi op den Télétravail  gesat ginn. Verbonne mat den annoncéierten dezentrale Co-Working Plazen laanscht d’Grenze vun eisem Land wäert dat och eis Stroossen entlaaschten.

 

De Schlëssel fir den Zuch vun der Digitalisatioun net ze verpassen ass eng adequat Ausbildung! Dofir gëtt déi nei Sektioun I an de Lycéeën agefouert. Informatiker ginn haut nämlech méi gesicht ewéi je, dat och a besonnesch a PMEen. Et ass wichteg, dass d'Schoul déi Jonk esou fit mécht fir den Aarbechtsmaart vu muer.

 

Promotioun vum Esprit d’Entreprise

Zu Lëtzebuerg trauen sech leider vill ze wéineg Leit sech selbstänneg ze maachen an eng Entreprise ze grënnen: „Dofir gëllt weiderhin duerch Campagnen den Entrepreneur ze ënnerstëtzen“ esou d’Joëlle Elvinger. Grad och am Handwierk! Well d’Handwierk muss erëm attraktiv sinn a kee Choix par Defaut! 

 

Joëlle Elvinger