Sie sind hier

D'DP-Fraktioun féiert den Télétravail an.

News Pressemitteilung Arbeit Familie Gesellschaft Mobilität und Verkehr Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gilles Baum

Duerch d‘Digitaliséierung vun eiser Aarbechtswelt wäerten an Zukunft ëmmer méi Leit wëllen op den Home-Office zeréckgräifen. Dofir begréisst d'DP, datt d'Regierung sech am Koalitiouns- an am Klimaplang engagéiert huet, fir den Télétravail weider ze fërderen an auszebauen.

Fir den DP-Fraktiounspresident Gilles Baum leien d'Virdeeler vum Télétravail op der Hand: „Fir eis ass den Ausbau vum Télétravail net nëmmen eng Mesure, fir d'Famill an de Beruff nach besser ënnert een Hutt ze kréien, mä et ass doriwwer eraus eng ëmweltpolitesch Moossnam, déi wäert fir manner Stroossentrafic a fir manner Ofgase suergen. Dofir hu mir decidéiert, fir eng Virreiderroll an deem Beräich z‘iwwerhuelen an eise Fraktiounsmataarbechter ee flexibelen Télétravail z'erméiglechen.“

Zu Lëtzebuerg gëtt den Télétravail ëmmer méi populär. Engem rezente STATEC-Rapport no, hunn 2018 scho bal 20% vun de Beschäftegten – op d‘mannst stonneweis –  vum Télétravail profitéiert. Dat ass eng Verdräifachung bannent nëmmen 10 Joer.

D'DP-Fraktioun.

 


Gilles Baum

AnhangGröße
PDF Icon 20200312_pm_teletravail.pdf89.52 KB