Sie sind hier

Neie Statut fir d'Gemengebeamten

News Gemeinden Guy Arendt

Déi rezent Ännerungen am Stagegesetz fir d’Staatsbeamte gëllen elo och fir d’Gemengebeamten. De Gesetzprojet ass en Donneschdeg an der Chamber gestëmmt ginn.

Am Prinzip geet et ëm déi nämmlecht Mesuren, wéi déi aus dem Gesetzprojet 7418 fir d‘Staatsbeamten, deen den 19. November an der Chamber gestëmmt .

D’Stagezäit gëtt also och am Gemengesecteur vun dräi op zwee Joer reduzéiert. Am Fall vun Deelzäitaarbecht gëtt de Stage vu 4 op 3 Joer gekierzt.

„Eppes wat mir als DP natierlech immens begréissen“, esou den Deputéierte Guy Arendt „ass, dass d’Stagiairen ab elo och kënne vun Deelzäit- oder fraktionnéiertem Congé parental profitéieren“.

Bleift just nach ze präziséieren, dass verschidde weider Mesuren – wéi d’Ofschafe vun der 80-80-90 Reegel – spéider a groussherzogleche Reglementer adaptéiert ginn.