Sie sind hier

En neie Steierregime fir déi intellektuell Proprietéit

News Finanzen Joëlle Elvinger

D’Chamber huet gréng Luucht gi fir dat neit Gesetz zur Propriété intellectuelle. Deen Text fixéiert d’Konditiounen ënnert deene Firme kënne vu Vergënschtegungen op der Akommessteier profitéieren.

Aktiounsplang BEPS

Net grad zwee Joer nodeems den ale Regime – déi sougenannten IP Box –  ofgeschaaf ginn ass, well en net den Norme vun der OECD entsprach huet, gëtt en neie Regime agefouert. Deen orientéiert sech dann och a grousse Stécker un de Recommandatioune vun der OECD, a besonnesch um Aktiounsplang BEPS. BEPS ass d’Ofkierzung fir base erosion and profit shifting. Dat sinn déi fiskal Méiglechkeeten, déi Entreprisë hunn, fir hire Gewënn net an deem Land ze versteieren, wou si e gemaach hunn, mee an engem anere Staat, an deem si net souvill Steiere bezuele mussen.

Konkret gëtt an deem Aktiounsplang d’Konzept vum der approche du lien modifiée entwéckelt, fir eben dëst ze verhënneren. No der Nexus-Approche, wéi se och nach genannt gëtt, kënnen nëmmen déi Firme vu Steierentlaaschtunge profitéieren, déi éischtens Ausgaben noweise kënnen, déi an enger direkter Relatioun stinn zu engem Revenu duerch e Brevet asw., an zweetens, déi dës Ausgaben och selwer gedroen hunn. An anere Wierder, d’Firma muss an e Patent investéiert hunn, fir de Revenu vun deem Patent deelweis kënnen ofzesetzen.

Kompetitivitéit duerch Innovatioun

Firwat ass et awer wichteg sou e Régime préférentiel fir dat geeschtegt Eegentum ze hunn? Déi Secteuren an der Wirtschaft, déi vill mat Patenter a soss Rechter vun der Propriété intellectuelle schaffen, stellen haut schonn e groussen Deel vun der Gesamtwirtschaft. EU-Zuelen no waren dës Secteure responsabel fir bal en Drëttel vun den Aarbechtsplazen a fir méi wéi 40% vum europäesche PIB an de Joeren  2011 bis 2013. Et kann een duerchaus dovun ausgoen, dass dës Zuelen hautdesdaags nach méi héich sinn.

Doriwwer eraus spillen d’Fuerschung an d’Entwécklung eng wichteg Roll an der Konkurrenzfäegkeet vun engem Land. Duerch nei Erfindungen entstinn nei Beräicher, respektiv kënnt et zu Fortschrëtter a bestehenden. Et ginn nei Aarbechtsplaze geschaaf an et gëtt Wuesstem produzéiert. Eng Fërderung vun der Innovatioun leet awer och d’Weiche fir eng Wirtschaft, déi net drop ausgeriicht ass, ëmmer méi natierlech Ressourcen ze verbrauchen, mee déi op kognitiv Ressourcen an op intelligente Wuesstem setzt.

Dowéinst ass et onverzichtbar, fir d’Recherche am private Secteur geziilt ze fërderen, an déi néideg Ureizer fir nei Iddien ze schafen.

D’Rapportrice Joëlle Elvinger sot an hirer Ried:

Mat dësem neie Regime bleiwe mir steierlech weiderhin kompetitiv an attraktiv a gläichzäiteg fërdere mer d'Investitioun an d'Innovation. Dat steet engem Land ewéi Lëtzbuerg sécherlech gutt zu Gesiicht.

 


Joëlle Elvinger