Sie sind hier

Patrimoine national, d’Archivgesetz a Suivi vun den Assises culturelles

News Kultur Guy Arendt

Suivi vun den Assises culturelles

Virun e puer Deeg huet den Aarbechtsgrupp fir Kultur vun der DP sech getraff. Um Ordre du jour stoungen de Patrimoine national, d’Archivgesetz an an nach weider aktuell Sujeten aus dem Kultursecteur, wéi de Suivi vun den Assises culturelles. De Staatssekretär fir Kultur Guy Arendt huet ënner anerem zu dësem zum Thema eng ganz Rëtsch Informatioune ginn an erkläert dass “de Jo Kox, dee vum Kulturministère beoptraagt gouf dëse Suivi ze iwwerhuelen, zanter dem Hierscht bis Juni 2017 Aarbechtsgruppen organiséiert. Des Gruppen setzen sech aus Acteure vum Kultursecteur a Spezialiste aus dem nationalen an internationale Kënschtlermilieu zesummen”. Datt eng reell Demande besteet fir dës Gruppen ze organiséieren, weist de breede Spektrum u Sujeten déi traitéiert ginn.

De Besoin’en vum Secteur nokommen

De Guy Arendt huet deemno weider erkläert datt “an dëse Gruppen all méiglech Zesummenhäng a Facteuren déi de Kultursecteur zu Lëtzebuerg matbestëmmen diskutéiert ginn”. Zil vun dësen Diskussiounsronnen ass et, sécherzestellen dass d’Kulturpolitik zu Lëtzebuerg de Besoin’en vun de Kulturschaffenden nach besser nokënnt.

Budget

Fir den Demanden vum Secteur besser nozekommen, huet de Kulturministère de Budget fir Kultur fir d’Joer 2017 no uewen ugepasst. Et sinn och verschidden net limitéiert Kreditter virgesinn, fir konkret Projet’en ënnerstëtzen ze kënnen.

 


Guy Arendt