Sie sind hier

Léierschwieregkeeten an der Schoul

News Bildung Claude Meisch Lex Delles

„DYSen duerfe keen Hindernis sinn“

Et ass eng Fro vu Gerechtegkeet: egal ob mat oder ouni besoins spécifiques, d’Schoul muss sech kënnen upassen an all Kand d’Méiglechkeet ginn, sech an de beschte Konditiounen z’entwéckelen.

Am Kader vun enger Interpellatioun an der Chamber gouf d’Thema vun den DYSen (Dyslexie, Dyscalculie, Dysphasie) an ADHS (Opmierksamkeetdefizit/Hyperaktivitéit) diskutéiert. Zu Lëtzebuerg sinn ongeféier 5% vun de Kanner betraff, dat maache 4500 Kanner aus. De Spriecher vun der DP, den Ost-Deputéierte Lex Delles, huet an éischter Stell drun erënnert, datt et sech bei dëser Problematik ëm ee regelrechten Challenge fir de ganzen Entourage vum betraffene Kand handelt: Elteren, Enseignanten an Erzéier. „Schoule sinn an dëse Fäll enorm belaascht well se ganz einfach net adequat opgestallt si fir den Erausfuerderunge gerecht ze ginn“, erkläert de Lex Delles, dee selwer Enseignant ass a weess, datt et oft op de gudde Wëlle vum Personal ukënnt ob d’Kanner adequat encadréiert sinn. „Kanner mat Léierschwieregkeeten z’ermëttelen ass keng einfach Saach: de Schoulmeeschter oder d’Joffer huet mat intelligenten, net besonnesch opfalend Kanner ze dinn, déi sech gutt entwéckelen, déi awer an engem spezifeschen Domaine méi Schwieregkeeten opweise wéi déi aner Kanner. Dofir ass et wichteg d’Enseignanten am Laf vun hirer Ausbildung an hirer Formatioun continue op den Depistage vun de Léierschwieregkeeten auszebilden“, esou de Munnerefer Buergermeeschter weider.

Den Educatiounsminister Claude Meisch, deen an der Chamber zum Sujet Stellung geholl huet, ass op déi bestoend Mesuren agaangen déi et momentan am Kader vum Depistage an der Betreiung ginn, mee huet awer och präziséiert, datt een zu Lëtzebuerg nach net adequat opgestallt ass fir dës Problematik och flächendeckend unzegoen.

Eng ganz Rei Mesuren, déi demnächst ëmgesat gi, sollen heibäi hëllefen: d’Verstäerkung vun den équipes multiprofessionnelles (EMP), d’Schafung vun zwee nationale Kompetenzzenteren an déi 150 spezialiséiert Schoulmeeschteren déi agestallt gi fir de Schoule zur Säit ze stoen.

Bei dëser ganzer Problematik sinn 2 Momenter wichteg beim Kand. Dat ass eng Kéier um preventive Plang, an der Kandheet, wann d’Léierviraussetzungen entstinn. Do geschitt déi ganz sproochlech a motoresch Entwécklung. D’Reform um Niveau vun de Crèche wäert et erlabe scho virun der Schoul festzestelle wann esou Léierschwieregkeeten sech bemierkbar maachen“, erkläert de Claude Meisch. Den 2. Moment ass da méi spéit an der Scolarisatioun wann sech gréisser Léierschwieregkeete bemierkbar maachen. Dann heescht et d’Eltere richteg ze guidéieren. Doniewent ass et wichteg, datt déi responsabel Servicer, wéi och déi fräischaffend Ergotherapeuten a Logopäden coordinéiert zesummeschaffen.

Et ass eng Fro vu Gerechtegkeet, sech all déi Moyene ze gi fir de Kanner ze hëllefen“, esou ofschléissend den Educatiounsminister.


Ried vum Lex Delles

 


Lex Delles

Claude Meisch