Sie sind hier

Méi Autonomie fir d’Glawensgemeinschaften zu Lëtzebuerg!

News Tribune libre Gesellschaft Lex Delles

De Mëttwoch stëmmt d’Chamber iwwert e Gesetzprojet of, deen d’zukünfteg Finanzéierung vun de Reliounsgemeinschaften zu Lëtzebuerg regelt. Et handelt sech dobäi ëm d’Ëmsetzung vun engem Deel vum Accord deen d’Regierung mat sechs verschiddene Reliounsgemeinschaften an enger Konventioun festgehalen huet.

Et sin dëst déi Reliounen, déi zu Lëtzebuerg an ausräichendem Mooss vertruede sinn an deenen hir Unhänger sech esou organiséieren, datt si d’Mënscherechter respektéieren, déi zu Lëtzebuerg an an Europa garantéiert sinn.

Elo gëtt am Kontext vun der Konventioun tëschent Staat a Reliounsgemeinschaften, déi ech virdrun ernimmt hunn, oft vun enger Trennung vu Kierch a Staat geschwat. Et geet awer net ëm eng Trennung vu Kierch a Staat, mä drëm datt d’Relatiounen, déi op Joerzéngten, jo Joerhonnerten alen Texter berouen néi geregelt ginn.

De Begrëff „Kierch“ gëtt quasi als Synonym vun der kathoulescher Kierch gebraucht. Dobäi gëtt et zu Lëtzebuerg wäit méi wei eng Glawensrichtung: nieft de Katholike liewen zu Lëtzebuerg och Judden, Protestanten, Anglikaner, Orthodoxen, Moslemen, an esou weider. Et gëtt och Leit zu Lëtzebuerg, déi zwar wuel un e Gott gleewen, hier Relioun awer net an enger Gemeinschaft ausüben. Natierlech däerf een och net d’Atheisten an d’Agnostiker vergiessen, déi net un d’Existenz vun engem Gott gleewen, respektiv sech därer op mannst net ganz sécher sinn.

Mir kënne frou an houfreg sinn, datt zu Lëtzebuerg Leit mat verschiddenem Glawen esou gutt a friddlech mateneen zesummeliewen. Eis Verfassung gesäit vir, datt all Mënsch säi Glawe fräi däerf ausliewen. An genau dat ass fir mech d’Zilsetzung vun der Trennung vu Kierch a Staat: all Mënsch soll kënnen säi Glawen ausliewen, ouni datt de Staat sech amëscht.

Wann ee sech de genannte Gesetzprojet ukuckt, da mierkt een nämlech, datt de Staat kengesfalls „de Pafen de Krunn zoudréint“, wei vläicht e puer Leit sech dat erhofft hätten. Ganz am Géigendeel, d’Reliounsgemeinschafte wäerten an erhiewlechem Mooss un Autonomie derbäiverdéngen, andeems de Staat hinnen eng finanziell Enveloppe zur Verfügung stellt, déi si fräi kënne verwalten.

Fir d’kathoulesch Kierch zum Beispill mëscht dës Enveloppe 6 Milliounen 750 dausend Euro am Joer aus. Als Géigeleeschtung hunn d’Culten sech verflicht keng sougenannte „ministres des cultes“ méi anzestellen, déi automatesch als Staatsfonctionnairen aus dem Staatsbudget bezuelt ginn. D’Unzuel u bezuelte Plazen war bis elo pro unerkannte Reliounsgemeinschaft limitéiert.  Mat der neier Enveloppe kënnen d’Culten also selwer decidéieren, wéi vill Personal si brauchen, fir hiren Unhänger d’Ausübe vun hirem Glawen ze erméiglechen. D’Ministres des cultes, zum gréissten Deel Paschtéier, déi virun der Konventioun agestallt goufen, behale selbstverständlech hire Statut, sou datt keen eppes verléiert.

D’DP steet mat voller Iwwerzeegung hannert dëser Léisung, déi gemeinsam mat an net géint d’Reliounsgemeinschafte verhandelt gouf. De Phenomen vun der Relioun, respektiv vun de Reliounen ass en Deel vu Lëtzebuerg a gehéiert zu eiser Gesellschaft, an dat wäert och an der Zukunft esou sinn!

 


Lex Delles