Sie sind hier

Prekaritéit: U ville Schrauwen dréinen, fir datt d’Situatioun sech ännert.

News Familie Gesellschaft Carole Hartmann

Fir d’DP ass d’Prekaritéit (och vu jonke Leit) zu Lëtzebuerg e reelle Problem. Och wann een d’Statistiken ëmmer genee muss ënnert d’Lupp huelen. D’ass awer e Fait, datt net jiddereen hei am Land vum wirtschaftlechen Opschwong profitéiert, esou eis Deputéiert Carole Hartmann bei enger Aktualitéitsstonn iwwert den Aarmutsrisiko an der Chamber. Et wier och scho vill dogéint ënnerholl ginn, an de leschte Joren. Ënnert anerem eng selektiv Steierreform, e Plus u gratis Servicer, d’Hausse vum Mindestloun oder d’Reform vum REVIS

Fir d’Carole Hartmann ass dee Constat awer keng Fatalitéit, ma eng Opfuerderung fir nach méi géint den Aarmutsrisiko z’ënnerhuelen. Net duerch eng eenzeg Zauberformel, ma duerch vill eenzel Mesuren, déi d’Situatioun mëttel- a laangfristeg verbesseren hëllefen.

 


Carole Hartmann