Sie sind hier
International School Michel Lucius
An der „International School Michel Lucius“ ginn ab der Rentrée 2017/2018 esouwuel Grondschoul- ewéi och Lycéesschüler op Englesch ënnerriicht. Dëst ass ee weidere Schrëtt a Richtung vun enger méi diversifizéierter Schouloffer, déi de Realitéite vun haut Rechnung dréit.
Diversifiéiert Schouloffer
De Rapporteur vun dësem Gesetzprojet Lex Delles ass a senger Ried op d’Noutwendegkeet vun esou enger engleschsproocheger Schouloffer agaangen. Hien huet ënnerstrach, datt et et dem Staat seng Verantwortung wier, den ëffentleche Schoulsystem esou auszeriichten, fir datt all Kand, onofhängeg vu sengem sproochlechen oder kulturelle Background d’Chance kritt, an eise Schoulen ze reusséieren.
Eng breet opgestallte Schouloffer a diversifiéiert Bildungsweeër ginn och ëmmer méi een entscheedend Argument. Grad déi englesch Sprooch, als Weltsprooch, ass d’Mammesprooch vu villen auslännesche Matbierger, déi vu méi wäit op Lëtzebuerg schaffe kommen. Grad dës Eltere sinn op der Sich no ëffentleche Schoulen, déi hire Kanner een internationaalt Ëmfeld bidden, an zugläich oppen a bezuelbar sinn. Op déi nei « International School Michel Lucius » trëfft béides zou. Et ass eng ganz normal ëffentlech Schoul, ewéi all déi aner, si huet just eben een anert Sproochekonzept.
Grouss Demande
Datt eng reell Demande un esou ëffentleche Schoule besteet, beweist och d’Unzuel un Inscriptiounen, déi ëmmer weider an d’Luucht geet. 2011 war am Michel Lucius nëmmen eng international Klass virgesi mat 14 Schüler. Dat Joer drop waren et der schonn 2 mat 28 Schüler. Dës Rentrée zielt déi international Filière ganzer 16 Klasse mat ronn 400 Schüler.
Ried vum Lex Delles