Sie sind hier

„Firwat d'Expropriatioun am Logement net déi richteg Léisung ass“

News Tribune libre Landesplanung und Wohnen Max Hahn

A senger Tribune libre schwätzt den DP-Deputéierten a President vun der Logementskommissioun, Max Hahn, iwwer d'Expropriatioun am Logement a firwat dës net déi richteg Léisung ass.

Léif Nolauschterer, léif Nolauschterinnen,

Wann een sech d'Entwécklung am Wunnengsbau méi genee ukuckt, da stellt ee fest, datt joerzéngtelaang manner gebaut ewéi gebraucht ginn ass. Mir mussen deemno haut en historesche Retard aus der Vergaangenheet opschaffen a gläichzäiteg klëmmt de Besoin fir neie Wunnraum Joer fir Joer.

D'Situatioun ass also komplex an d'Léisung keng einfach, och wann deen een oder anere Politiker mengt, en hätt mat der Expropriatioun d'Ee vum Kolumbus am Wunnengsbau fonnt.  Expropriatioun ass awer keng Léisung, mee en allerlescht Mëttel, beispillsweis wann et drëms geet Projeten ze realiséieren, déi der ganzer Gesellschaft ze Gutts kommen. Ech denken hei un de Bau vu Schoulen oder Spideeler. Beim Wunnengsbau ass d'Situatioun eng aner. Huele mir d'Beispill vun enger Famill, déi laang gespuert huet, fir sech e Bauterrain fir déi eege Kanner ze leeschten. Do dierf de Staat elo net kommen an deene Leit den Terrain ewech huelen, fir en aneren ze ginn. Am Géigendeel, et ass d'Aufgab vum Staat d'Eegentum vu senge Bierger ze respektéieren an ze schützen.

D'Expropriatioun ass also nëmmen eng Schäinléisung, déi den éischten Ament vläicht gutt kléngt, mee grave Konsequenze fir d'Eegentumsrechter vun deenen eenzele kéint hunn.

Wat sinn elo d'Léisungen am Logement? Leider gëtt et kee Patentrezept, mee et sinn déi vill kleng Mesurë mam Téiläffel, déi am Zesummespill op Dauer kënnen eppes bewierken. Villverspriechend sinn z.B. déi nei Baulandverträg fir déi d'DP sech scho laang staark mécht. Terrainen, déi nei an de Bauperimeter era kommen, mussen an Zukunft och an engem gewëssenen Delai bebaut ginn. Geschitt dat net, falen dës Terrainen erëm aus dem Bauperimeter eraus. Domadder wäert an Zukunft verhënnert ginn, datt wann neit Bauland ausgewise gëtt, dat Land einfach brooch léie gelooss gëtt. Et gëtt den Ament awer och u villen anere Stellschrauwe gedréit. D'SNHBM baut haut 3 Mol esouvill Wunnengen ewéi virdrun a grouss Wunnprojeten ewéi an den Industriefrichen zu Wolz oder Diddeleng schafen honnerten nei Wunnengen op ee Coup.

Däitlech Loft no uewe besteet awer nach an der Längt vun de Prozeduren. Wann et an der Moyenne 7 Joer dauert bis dass e Wunnprojet endlech do steet, dann ass dat net akzeptabel. Hei si schonn Efforte gemaach ginn, beispillsweis duerch eng Cellule d’Evaluatioun, mee dat geet nach laang net duer. Lëtzebuerg dierf net nëmmen op wirtschaftlechem Plang d'Land vun de kuerze Weeër sinn, dat muss och fir de Wunnengsbau gëllen. Pake mir et zesummen un.

 


Max Hahn