Sie sind hier

Debatten zur Ried zur Lag vun der Natioun

News Gesellschaft Eugène Berger

Den DP-Fraktiounspresident huet a senger Ried betount, dass d’Regierung an deenen éischten 2,5 Joer eng ganz Rei vu konkrete Reformprojeten ugaangen ass. Saachen, vun deene jorelaang just geschwat gouf, wären elo endlech ëmgesat ginn.

„Mir kënnen optimistesch an d'Zukunft kucken, well d'Regierung eng Politik mécht, déi net d'Aen zou mécht virun de gesellschaftlechen a wirtschaftleche Verännerungen.“

Fir den Eugène Berger ass et wichteg, dass d’Familljepolitik am Mëttelpunkt vun der Regierungsaarbecht steet, well grad an dësem Beräich eng Upassung un d’Realitéite batter néideg gewiescht wier.

„Ech erlabe mer net ze soe wat besser fir d'Kand ass, well ech dës Decisioun den Eltere well iwwerloossen an hinne kee schlecht Gewësse maachen well- weder an déi eng nach an déi aner Richtung. Ech soen awer, datt et eng Realitéit ass, dat vill jonk Frae wëlle schaffe goen, wëll si hunn och studéiert,  hunn oft di besser Ofschlëss a wëllen och Carrière am Beruff maachen.“

Dem Eugène Berger no erlaabt et dee gudde finanziellen a wirtschaftlechen Zoustand vum Land et eng Politik am Intérêt vun de Leit ze maachen, an dat an alle politesche Beräicher.

„Fir et an engem Saz ze soen: Fir dat mer de Mënschen hei zu Lëtzebuerg kënnen Zukunftsperspektive bidden.“

Weider Informatiounen

Ried vum Eugène Berger [méi...]

Eugène Berger