Sie sind hier

Monica Semedo: Fir en Europa mat engem neie Gesiicht.

News Tribune libre Außenpolitik Ausnahmezustand Gesundheit und Pflege

Léif Nolauschterer,

D'Welt ass an enger déiwer Kris. Dat gesäit jidderee selwer dobaussen. Mir begéine Leit mat Masken an de Stroossen, gesinn eidel Restauranten a Caféen, déi soss struppevoll waren.

Alles huet geännert.

25 Joer nom Accord vu Schengen ginn erëm Grenze gespart a kontrolléiert. Esouguer eis Beweegungsfräiheet ass wéinst der d‘COVID-19-Pandemie ageschränkt ginn. Dobäi war e Samschdeg den Europadag.

Déi Libre Circulation ass awer fundamental fir eis Ekomonie, fir d’Zesummeliewen an der Groussregioun an och fir d’Frëndschaft mat eisen Noperen déisäit vun de Grenzen.

Ma do ass awer e Liichtbléck. „Deconfinement, Exitstrategie, ...“, d’EU-Memberstaaten sinn am Gaang, d’Zäit no der Corona-Kris ze preparéieren. Jo, d’Pandemie ass nach ëmmer eng Gefor, ma eis Gesellschaft brauch en Zäitplang, wéini et nees zeréck an eng gewëssen Normalitéit geet. Eng Zäitschinn, déi d’Gesondheet garantéiert an d’Ekonomie net hänke léisst.

Wat geschitt no Corona?

„Geet et erëm zeréck an d’Normalitéit?

Éischter net, esou wéi et ausgesäit.

Et geet éischter an eng Zukunft mat engem neie Gesiicht.

An dofir proposéieren ech iech en neien Ufank mat innovative Mesuren.

D’Europäesch Unioun huet dofir Fongen deblockéiert, déi bis viru kuerzem nach onvirstellbar. Et geet hei em 1 Billioun – 1.000 Milliarden – Euro, déi an de Gesondheetssecteur, d’Recherche, medezinescht Material, de Chômage an a sozial Moossnamen ginn. Alles Beräicher, déi de Mënschen an Europa direkt zegutt kommen.

Lëtzebuerg, z.B. huet 300 Milliounen Euro vu Bréissel accordéiert kritt, fir Entreprisen an Indépendanten ze hëllefen, fir duerch d’Kris ze kommen.

Europa ass, wéi seng Memberlänner, vun der Pandemie iwwerrascht ginn, do ass keen Zweiwel. Covid-19 huet gewisen, datt kee Staat dës Kris eleng meeschteren kann. Europa huet och reagéiert an Europa steet och zesummen!

En Zréck an déi fréier Normalitéit wäert et awer wuel net ginn. Dofir ass et elo Zäit fir innovativ Iddien an zukunftsorientéiert Mesuren:

Déi demokratesch a fortschrëttlech Europadeputéiert vun eisem Groupe Renew Europe wëllen déi dreiwend Kraaft hannert dëser Erausfuerderung sinn.

Fir d’éischt brauche mir Solidaritéit . Mir mussen d’europäesch Economie stäipen an d’Käschten dofir iwwert d’Emissioun vu Coronabonds verdeelen.  

Jo, et dierft keen Zeréck an déi fréier Normalitéit ginn. Dofir ass elo de Moment eis Zukunft nei ze gestalten. An dat muss iwwert de Wee vu méi Nohaltegkeet a vu méi Digitalisatioun goen – an zwar séier, ouni Zäit ze verléieren.

Europa kann dat och fäerdeg bréngen! Dofir musse mir de Entreprënersgeescht fërderen a fir méi sécher a méi flexibel Aarbechtsplazen suergen. D’Haaptviraussetzung dofir ass eng gutt Ausbildung fir d’Jobs vu muer.

Dat kascht natierlech Suen. An och wann d’Memberstaaten et den Ament net einfach hunn; si mussen elo den Effort maachen, fir an d’Zukunft vu de Mënschen an Europa z’investéieren.

Fir e bessert Fonktionnement vun der EU huet de Renew Europe Groupe d’Initiativ vun der „Konferenz iwwer d’Zukunft vun Europa“ lancéiert. Eng Konferenz, wou Dir, d’Biirger, aktiv matschaffe kënnt, un enger EU, wéi Dir se an Zukunft gesitt.

Déi Chance dierfe mir – dierf Europa – net verpassen!

Bleift gesond!

AnhangGröße
Audio Icon 20200511_msemedo_tribune_libre.mp36.46 MB