Sie sind hier

Méi eng nohalteg Offallgestioun

News Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn

E weidere Punkt den Donneschden um Ordre du jour war en Débat d’orientation zum Offall. D’Mënschheet produzéiert vill ze vill Knascht, vun deem och nach ëmmer e groussen Deel an der Natur lant. Och wa mer zu Lëtzebuerg an där Hinsicht net grad bei Null ufänken – ëmmerhin méi wéi d’Halschent vum Knascht gëtt recycléiert – ass et awer wichteg, eisen Ëmgang mat de Ressourcen z’iwwerdenken an sou vill wéi méiglech a Richtung vun enger nohalteger Ressourcegestioun ze goen.

Fir d’DP heescht et, an éischter Linn Offall ze vermeiden, mee awer och méi op Mehrweg-Systemer ze setzen an de Recycling am Kader vun enger Kreeslafwirtschaft weider ze entwéckelen. Besonnesch d’Fuerschung an nei innovativ Start-uppen kënnen dozou bäidroen Alternativen zum Plastik an de Materialien, déi mer haut benotzen, z’entwéckelen. Op dësem Wee kann een och d’Bréck schloen tëscht Ecologie a wirtschaftlecher Diversifizéierung a Weiderentwécklung.

Den DP-Deputéierte Max Hahn huet donieft drop higewisen, dass et fir d’DP awer wichteg ass, dass d’Leit agebonne an nei Léisungen am Dialog mat all den Acteuren fonnt ginn. Nëmme sou ass et méiglech, eise gesellschaftlechen a wirtschaftleche Modell op Dauer méi nohalteg gestalten.

 


Max Hahn