Sie sind hier

Reform vum Unisgesetz

News Bildung Hochschule André Bauler Marc Hansen

Um Krautmaart ass e Mëttwoch dat neit Gesetz iwwert d’Uni Lëtzebuerg ugeholl ginn. No der Aktualiséierung vum gesetzleche Kader vun de Fuerschungsinstituter am Joer 2014, war et lo un der Rei vun der Uni, fir hir Organisatioun un d’Entwécklung vun de leschte 15 Joer unzepassen. D‘Reform vum Héichschoulminister Marc Hansen huet zwee Schwéierpunkten: zum engen goung et drëm, fir d’Autonomie vun der Uni ze stäerken, zum aneren ëm den Ausbau  vun der interner Bedeelegung vum Personal a vun de Studenten.

Op dës Manéier gëtt d’Uni méi demokratesch, méi transparent a méi onofhängeg, woumadder se hiert Potenzial besser entfale kann, wéi de Rapporter André Bauler ervirgehuewen huet. Well d’Regierung verschidde Kompetenzen un d’Organer vun der Uni ofgëtt, ginn déi néideg Weiche gestalt, dass d’Uni sech nach méi zu engem „Hub“ vun der Innovatioun, Dynamik a vun der Exzellenz entwéckele kann.

De Secteur vun der Fuerschung a vum Enseignement supérieur spillt ëmmer méi eng wichteg Roll an der Wirtschaft. Fir kompetitiv ze bleiwen, ass et essentiell, fir Virreider an de wichtege Technologien vu muer ze sinn an eng héich qualifizéiert Aarbechtskraaft ze hunn. D’Uni ass déi Plaz, op där sech Bildung, Fuerschung an Entreprenariat begéinen an iwwerschneiden. Dat neit Unisgesetz schaaft elo den néidege Kader, fir déi potentiell Synergien tëschent dëse Beräicher optimal ze notzen.

Virun dësem Hannergrond ass et fir d’DP och evident, dem Secteur déi néideg finanziell Mëttelen zur Verfügung ze stellen. Aus deem Grond gouf de Budget pluriannuell vun 2018 bis 2021 och ëm ganzer 25% erhéicht par rapport zu deem vu virdrun, fir elo bal 1,45 Milliarden Euro ze erreechen. Dës Zomme wier awer net als Käschtepunkt unzegesinn, mee als Invest an d’Zukunft, huet de Marc Hansen ënnerstrach.

 


Marc Hansen

André Bauler