Sie sind hier

Atomzentralen an der Belsch

News Klimaschutz und Energie Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn

Besonnesch no der Katastrophe vu Fukushima am Joer 2011, si mir eis hei am Land all eenz: d'Atomkraaft huet keng Zukunft! Wann d'Atomzentral vu Cattenom nëmmen 8 Kilometer vun eiser Grenz ewech steet, da sinn d'Kraaftwierker an der Belsch, zu Doel an zu Tihange, net manner geféierlech well se ganz einfach veraalt sinn. D'Zentral zu Tihange ass nëmme 65 Kilometer vun eisem Land ewech, esou dass en Accident och ganz reell Konsequenze fir eis hätt. Ee vun dëse Reaktere sollt no senger normaler Lafzäit vu 40 Joer elo 2015 vum Netz geholl ginn, déi belsch Regierung huet dëst awer net gemaach. Si huet seng Lafzäit einfach ëm 10 Joer verlängert, obschonn den Drockbehälter vum Reakter voller klenger Rëss ass an et keen Héichwaasserschutz gëtt.

Dës Woch war eng Delegatioun vun der Chamber op Bréissel, déi sech fir d'Zoumaache vun Tihange ausgeschwat huet. Leider sinn si op daf Ouere gestouss. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet et esou ausgedréckt: „Ech soen et riicht eraus: d'Visite beim belsche Vize-Premier Jan Jambon zesumme mat menge Chamberskollegen an dem Staatssekretär Camille Gira war méi ewéi enttäuschend. Ech si schrecklech enttäuscht. Mir si vertréischt, higehalen a beschwichtegt ginn. Et ass verharmlost an erof gespillt ginn. Vill geschwat a wéineg gesot ginn. Laang erklärt an näischt begraff ginn.“ Dëst well et anscheinend keng Bereetschaft gëtt fir dëse geféierleche Reakter virun 2025 vum Netz ze huelen.

Trotz dëser Reaktioun, ass et richteg, dass Politiker sech fir eist Land zoumaachen, well Tihange ass eng tickend Zäitbomm. Och déi belsch Populatioun mécht sech Suergen iwwert hir Sécherheet, an des Visite erhéicht awer den Drock op déi belsch Regierung an dësem Dossier ze handelen. De Max Hahn weist sech awer weider kämpferesch: „An nawell, ech begréissen den Asaz vun eiser Regierung, net nëmme bei den Atomreakteren zu Tihange a Doel, ma och bei deenen zu Fessenheim a Cattenom. Mir mussen eis Stëmm ëmmer erëm erhiewen, bis et eise franséischen a belsche Kollegen zu den Oueren eraus hänkt. Mir mussen hinnen op d'Nerve goen, a bei all Visite, all Entrevue, all Gespréich hinnen eis Positioun kloer maachen.“

Weider Informatiounen

Ried vum DP-Deputéierten Max Hahn [méi...]

Max Hahn