Sie sind hier

Eugène Berger: E Programm fir méi Gerechtegkeet a mat Äntwerten op d’Alldagssuerge vun de Leit

News Eugène Berger

A senger Interventioun iwwer d’Regierungserklärung ass den DP-Fraktiounschef Eugène Berger op d’Gerechtegkeet vun dësem Programm agaangen. „Well Gerechtegkeet ass dat, wat eng Gesellschaft, wat eis alleguerten hei am Land zesummenhält. A Gerechtegkeet heescht och, datt jiddereen hei am Land déi selwecht Chancë muss hunn, fir ze reusséieren“, esou den Eugène Berger. Kee sollt um Rand vun der Gesellschaft stoegelooss ginn, ma jidderee sollt déi bescht Méiglechkeete kréien, fir sech eng Zukunft opzebauen.

D’Viraussetzunge fir eng gerecht Politik ze maachen, sinn déi lescht Jore geschaf ginn, esou de Chef vun der DP-Fraktioun. Iddien a konkret Virschléi fir esou eng Politik stéingen der en etlech am Programm.

D’Grondprinzipie vun esou enger Politik sinn d’Striewen no enger permanenter Innovatioun, fir d’Land besser opzestellen an eng méi héich Liewensqualitéit unzebidden. Eng responsabel Politik – net kuerzfristeg – ma ëmmer mam Bléck op d’Wuel vun de kommende Generatiounen.

Programmatesch Weeër goen, déi op d’Suergen an d’Ufuerderunge vun enger moderner Gesellschaft aginn, amplaz a Sakgaassen ze féieren.

Déi gerecht Politik fir d’Famillje soll deemno verbessert ginn. Stéchwierder Congé parental PLUS, Recht op Deelzäitaarbecht fir jonk Elteren. Well eng proaktiv Politik, déi d’Elteren ënnerstëtzt, wier och eng Politik am Sënn vun de Kanner.

Apropos Kanner ginn d’Viraussetzunge fir e méi gerechten Zougang zu enger héichwäerteger Kannerbetreiung verbessert, huet den Eugène Berger begréisst: Erweiderung vun der Gratisbetreiung an de Maisons relaisen, gratis Museksunterrecht oder gratis Kannerveräinsbus.

Fir den DP-Fraktiounschef geet och d’Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten an déi richteg Richtung. Grad ewéi den Télétravail oder d’Aarbechtszäitkonten.

Wee vu Gerechtegkeet schwätzt, dee muss awer och un d’Wirtschaft an un d’Betriber denken, esou den Eugène. Dofir muss dat favorabelt Ëmfeld fir e gesonden an nohaltege Wirtschaftswuesstem verbessert ginn.

Konkret dierft d’Erhéijung vum Mindestloun z.B. „net eleng vun de Betriber gedroe ginn“. Dofir déi steierlech Mesuren, fir 2/3 vun de Fraisen ofzefiederen.

Den Eugène Berger ënnerstëtzt och déi ambitiéis Ëmweltpolitik aus dem Regierungsprogramm. Och eng Fro vun essentieller Gerechtegkeet vis à vis vun de Kanner an den Enkelkanner. Dofir begréisst den DP-Fraktiounschef déi staark Akzenter a punkto Nohaltegkeet, Energie, Tanktourismus, Mobilitéit a punkto Klimaschutz an a punkto ëffentlechen Transport: „Vill DP-Iddien hunn hire Wee an d’Ëmweltkapitele vum Koalitiounsaccord fonnt an dat beweist, datt de grénge Punkt an eisem Logo net einfach do ass, fir schéin ze maachen. Mir weise konkret, datt d’Ekonomie an d’Ekologie kënnen Hand an Hand goen“.

Luef gouf et vum liberale Fraktiounschef fir d’Schafe vun engem Ministère vun der Digitalisatioun. Eng Digitalisatioun, déi hëllefe wäert Lëtzebuerg méi gerecht ze maachen: an de Schoulen, an der Santé, an de Verwaltungen oder op der Aarbecht. „Déi digital Technologie sinn déi nei Minettssteng vu Lëtzebuerg“!

Fir den Eugène Berger ass déi ëffentlech Schoul een Haaptpilier, wou d’Gerechtegkeet spille muss. „Dofir gi mir den ageschloene Wee virun, fir ënnerschiddleche Schüler ënnerschiddlech Schoulen unzebidden, fir deenen ënnerschiddlechen Talenter vun eise Kanner gerecht ze ginn“. D’Ëmsetzung vun den ageschloene Reforme géif elo um Terrain begleet an eventuell adaptéiert ginn.

Wat d’Santé betrëfft, huet de Chef de file vun der DP-Fraktioun d’Pläng begréisst, fir de Samu an d’Rettungsdéngschter am ländleche Raum ze verbesseren oder fir eng Gesondheetskaart anzeféieren, déi den direkte Remboursement vun Dokteschrechnunge garantéiere wäert. Dat géing besonnesch deene Leit hëllefen, déi sozial manner gutt dru sinn. 

De Regierungsprogramm wäert d’Offer am Logement weider ukuerbelen. Et sinn eng Hellewull u Mesure virgesinn, fir de Wunnengsmaart méi gerecht ze maachen, huet den Eugène Berger weider ënnerstrach. 

Fir hien ass d’Steierpolitik, dat essentiellt politescht Instrument fir fir méi Gerechtegkeet ze suergen. Dofir wier et richteg, fir no der sozial selektiver Steierreform an der leschter Legislaturperiod, elo op de Wee vun enger Individualiséierung vun der Besteierung ze goen. Fir datt de Bierger net op säi perséinleche Liewensmodell besteiert gëtt.

Den Eugène Berger huet schliisslech ënnerstrach, datt hei e Koalitiounsaccord virléich, deen e gemeinsame Projet fir d’Zukunft vum Land bedeit an deem sech déi dräi Koalitiounsparteien erëmfanne géingen.