Sie sind hier

Steierreform 2.0: D’Mesurë ginn dëst an dat anert Joer ausgeschafft

News Finanzen Steuern Pierre Gramegna

An der annoncéierter Steierreform ginn Neel mat Käpp gemaach, dat hat de Pierre Gramegna gëscht annoncéiert. 2020 wier dobäi e "kruziaalt Joer“, fir d’Reform ze preparéieren.

Op Radio Lëtzebuerg huet de Finanzminister elo vun enger struktureller Reform geschwat, mat der Individualiséierung, Mesure fir de Logement ze stäipen an am Sënn vun der Ëmwelt a vum Klimaschutz wier.

D’Virbereedunge géinge lafen, no der Rentrée géingen d’Prozedure mat den anere Ministère fixéiert a da géingen och konkret Mesuren ausgeschafft.

Fir de Pierre Gramegna steet d’Individualiséierung vun de Privatleit am Mëttelpunkt vun der Reform, déi eng Modernisatioun vun der Steierlandschaft an domadder och eng Gesellschaftsreform bedeite géing. 

https://www.rtl.lu/radio/invite-vun-der-redaktioun/a/1374636.html


Pierre Gramegna