Sie sind hier

Fir ee gesonden Ëmgang mat digitale Medien

News Bildung Claude Meisch

„Muer ginn et 2 Gruppe vu Léit; déi déi programméieren an déi déi programméiert ginn. Mir wëllen, datt eis Schüler zum éischte Grupp gehéieren“, esou de Bildungsminister Claude Meisch. 

Fir eis Kanner optimal op déi Realitéit virzebereeden, muss eise Schoulsystem ugepasst ginn. D’Schüler sollen hier digital Kompetenzen entwéckelen an och de Fonctionnement vun engem Computer, déi algorithmesch Prinzippien an d’kodéiere léieren. 

E wichtege Aspekt dobäi ass, datt déi digital Schoulpolitik eis Schüler net nëmmen op d’Aarbechtswelt vu muer preparéiert, mee och op d’Changementer an eiser Gesellschaft.

Dofir ass eis digital Bildungspolitik op déi sougenannte 5 Ken opgebaut: kritesch Denken, Kreativitéit, Kommunikatioun, Kooperatioun, Kodéieren. 

Déi digital Sprooch léieren ass net komplizéiert a ka vu Klengem un, op spilleresch an altersgerecht Manéier – mat oder ouni d‘Hëllef vum Computer – vermëttelt ginn. Vun der nächster Schoulrentrée un wäert de Projet Phare (Pilotprojet) vum „Coding“ dofir progressiv am Fondamental (a vun 2021 un am Secondaire) geléiert ginn. D’Zil ass e,t fir de Schüler Gloscht op den Zukunftssecteur vun der digitaler Ekonomie ze maachen.

Fir eist Léierpersonal optimal op déi Themen ze preparéieren, gi „Formations continues“ organiséiert an eng sëllegen Outilen ausgeschafft. Doriwwer eraus sollen d‘Schüler och op de Wiessel vun eiser Gesellschaft sensibiliséiert ginn. De Mediekompass ass en Outil, deen dem Léierpersonal bei senger Sensibiliséierungsaarbecht iwwert d’Benotze vun de Medien hëllefe soll.

Eltere sensibiliséieren an informéieren

D‘Eltere mussen och an dëse Prozess matagebonne ginn. Dofir huet den Bildungsminister d’Campagne „Les écrans en famille – Gérer, éduquer et accompagner“ lancéiert. An Zesummenaarbecht mat BEESecure sollen esou d’Elteren iwwert déi digital Outilen an der Educatioun sensibiliséiert ginn, ma och op d’Risikoen ewéi déi vun der Ofhängegkeet, dem Isolement oder dem Schlofmangel opmierksam gemaach ginn. Demnächst wäerten an de Crèchen a Schoulen och Guiden iwwert ee gesonden Ëmgang mat den digitale Medien verdeelt ginn.

 


Claude Meisch