Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Kultur André Bauler

Sinn Ännerungen an eisem Archivgesetz virgesinn?

Eréischt 2018 krut Lëtzebuerg e richtege legale Kader fir den Archivage vun Dokumenter. Ma un deenen ale Kommunikatiounsfriste vun 100 Joer ass deemools näischt geännert ginn. An deem Kader stellt sech eisen Deputéierten André Bauler e puer Froen a wëll besonnesch wëssen ob et net awer eventuell ugeduecht wier, déi Delaien deenen aus der Belsch unzepassen.  

Parlamentarische Fragen Kultur André Bauler

D'Laude vu Kiercheklacken

Klacke gehéieren ouni Zweiwel zum kulturelle Patrimoine vu Lëtzebuerg. A Frankräich gëtt et esouguer eng Initiative fir d'Laude vu Kiercheklacken als immaterielle Patrimoine klasséieren ze loossen. An deem Kader huet den Deputéierten André Bauler e puer Froen un d'Kulturministesch gestallt. A senger parlamentarescher Fro wëll hien ënnert anerem wëssen ob d'Madamm Ministesch wëlles hätt d'Laude vun de Kiercheklacken op nationalem Plang als immaterielle Patrimoine schützen ze loossen. 

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege André Bauler Carole Hartmann

Impfzentrum zu Ettelbréck

Den DP-Deputéierten André Bauler a Carole Hartmann ass zougedroe ginn, datt fir eeler Leit aus der Nordspëtzt, mat enger Invitatioun fir d'Covid-19-Impfung, am Impfzentrum zu Ettelbréck deelweis keng Zäitplagë méi fräi waren. Si kruten um Telefon gesot si missten ee Rendez-vous zu Munneref huelen. D'Deputéiert hu sech bei der Gesondheetsministesch renseignéiert, ob et sech dobäi ëm Eenzelfäll handelt a wéieng Méiglechkeeten d'eeler Leit an dësem Fall hunn. 

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Guy Arendt

Neie Vëloswee tëscht Walfer an Dummeldeng: Firwat net op der ganzer Streck?

Tëscht Walfer an Dummeldeng soll bis d'nächst Joer ee vum Stroosseverkéier getrennte Vëloswee gebaut ginn. Leider gëtt deen awer nëmmen 1 Kilometer laang, dat geféierlech Stéck duerch d'Kromm Längte mussen d'Vëlosfuerer weider op der Strooss fueren. Den DP-Deputéierte Guy Arendt huet beim zoustännege Minister nogefrot, firwat dat sou ass an ob net och virgesinn ass, fir de Rescht vum Wee bis op Walfer méi sécher ze maachen.

Parlamentarische Fragen Sport und Freizeit Tiere Gusty Graas

Wéi verbreet ass den Herpesvirus bei de Päerd zu Lëtzebuerg?

Bei engem internationale Reitturnéier zu Valencia ass den Herpesvirus ausgebrach. Honnerte vu Päerd sinn infizéiert. Et fäert een eng europawäit Pandemie. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet déi zoustänneg Ministeren ob de Virus och zu Lëtzebuerg present ass a wat heiheem ënnerholl gëtt fir datt de Virus sech net verbreet. 

Parlamentarische Fragen Kultur André Bauler

Wat gëtt aus dem ale Gebai vum Nationalarchiv?

D'Raimlechkeeten am Kasäregebai vun der fréierer Festung Lëtzebuerg wäerte fräi ginn, well d'Nationalarchiven op de Belval plënneren. Eisen Deputéierten André Bauler huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot ob et eventuell esouguer schonn en neie Projet fir d'Gebai gëtt a wéini ee kéint mat den Aarbechten ufänken. 

 

Parlamentarische Fragen Kultur Landesplanung und Wohnen André Bauler

Wat soll mam Max-Goergen-Haus geschéien?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass d'Haus vum Schrëftsteller Max Goergen, dat dem Staat gehéiert an denkmalgeschützt ass, eidel steet. Dowéinst wollt hie vun den zoustännege Ministere wëssen, wat mam Haus geschéie soll a firwat sech bis lo nach näischt gedoen huet.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Carole Hartmann

Zousätzleche Lärmschutz laanscht d'Autobunnen?

Am Aktiounsplang géint de Kaméidi bei grousse Verkéiersachsen ass a priori näischt virgesi fir de Lärmschutz laanscht d'A1 ze verstäerken. Der DP-Deputéiert Carole Hartmann ass awer zu Ouere komm, dass awer vill Leit, déi an der Géigend wunnen, sech weider Mesure géife wënschen. Dowéinst huet d'Carole Hartmann bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob net awer weider Mesure méiglech wieren.

Parlamentarische Fragen Wirtschaft André Bauler

Ee wëssenschaftleche Gremium fir d’Berodung vun eisem Wirtschaftsminister?

Statistesch Analysen an aner wëssenschaftlech Methoden kënnen der Regierung dobäi hëllefen effikass Léisungen zu diverse Problematiken ze fannen. An Däitschland, zum Beispill, gëtt bei wirtschaftspolitesche Froen de Rot vun engem wëssenschaftleche Gremium erbäi gezunn.

An deem Kader wollt den DP-Deputéierten André Bauler wëssen, op esou ee Berodungsorgan och fir Lëtzebuerg kéint vun Interêt sinn.                                                           

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Tourismus Carole Hartmann

Wéi wäit sinn d'Aarbechte vum neie Wäimusée zu Éinen?

Den 26. September 2018 gouf de Grondstee fir den Ëmbau vum Wäimusée zu Éinen geluecht. Zanterhier ass awer net vill geschitt. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann freet bei den zoustännege Ministeren no wou de Schantjen drun ass a wéini den neie Musée wäert opgoen.

Parlamentarische Fragen Wirtschaft André Bauler

Hausse vun de Pëtrolspräisser: kënnt de neien Index schonn dëst Joer ?

Nieft dem Diesel an dem Bensin, sinn och aner Rohstoffer iwwer déi leschte Méint däitlech méi deier ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim Wirtschaftsminister ënnert Anerem nogefrot, wat d'Grënn dofir sinn a wat dat fir déi nächst Index-Tranche bedeit.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege André Bauler Carole Hartmann

Ab wéini kënnen Hausdokteren géint de Covid-19 impfen?

Nieft den Impfzenteren soll an Zukunft och an de Praxissen vun Hausdokteren géint de Covid-19 geimpft kënne ginn. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler hu bei der Gesondheetsministesch ënnert Anerem nogefrot, ab wéini dëst méiglech wäert sinn an ob jiddereen sech vu sengem Hausdokter wäert kënnen impfe loossen. 

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Medien und ICT Guy Arendt Gusty Graas

D'Pressefräiheet an der EU

An Ungarn ass Mëtt Februar e Radiosender gezwonge ginn seng Emissiounen ze stoppen. Schonn am Juli 2020 war déi ungaresch Regierung sech an d'Mediewelt agemëscht andeems si dem Chefredakter vum éischten Informatiounssite "Index" gekënnegt haten. A Polen sinn am Februar iwwer 40 Medienhaiser op d'Strooss gaange fir géint e Projet fir eng "taxe publicitaire" ze protestéieren, déi eng Attack op d'Pressefräiheet soll sinn. An deem Kontext hunn eis Deputéiert Gusty Graas a Guy Arendt bei den zoustännege Ministeren nogefrot wat d'EU konkret kann an dëser Saach ënnerhuelen an ob eventuell de "Media Audiovisual Plan" vun der EU eppes virgesäit fir déi Verstéiss géint d'Pressefräiheet ze ënnerbannen oder ze bestrofen. 

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler Max Hahn

Ännerung vum Code de la route: Manner Visibilitéit fir Vëlosfuerer

Vill Vëlosfuerer hunn eng Luucht um Vëlo, déi blénkt, fir dass ee se besser op der Strooss gesäit a wëll se sech sou méi sécher spieren. Well de Mobilitéitsminister sou Luuchte verbidde wëll, hunn d'DP-Deputéiert Max Hahn an André Bauler nogefrot, wéi et zu där Decisioun komm ass an ob d'Vëlosinteresseverbänn am Virfeld no hirer Meenung dozou gefrot gi sinn.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege André Bauler

Impfen zu Ettelbréck, an der Nordspëtzt an am Nordweste vum Land?

Fir Professioneller aus dem Gesondheetsberäich, déi am Norde wunnen, ass et mat engem groussen Zäitopwand verbonnen fir hir 2. Impfung géint de Covid-19 bis op de Lampertsbierg ze fueren. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch ënnert Anerem nogefrot, ob dës Leit hir 2. Impfung net och am neien Impfzentrum zu Ettelbréck kréie kéinten?