Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Zement an der Péitruss?

Den DP-Deputéierte Gusty Graas wëll a senger Fro un d'Ëmweltministesch weider Informatioune zu enger rezenter Verknaschtung vun der Péitruss an der Stad wëssen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Trafic an der Nordstad: Wat ass den Impakt vum Chantier op der Ettelbrécker Gare?

Wéinst den Aarbechten un der Ettelbrécker Gare schéngt et, dass am Moment vill Autoen a Camionen duerch Wunnvéierel an iwwer Schläichweeër an den Nordstad-Gemenge fueren, fir de Chantier z'ëmgoen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, ob schonn eng Analys gemaach goufe wat den Impakt vum Chantier op den Trafic am Detail ass, a wéi eng Mesurë virgesi si fir d'Situatioun ze berouegen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Wéi geet et mam Contournement vun Housen virun?

Aktuell gëtt am Ministère un engem Gesetzesprojet fir de Contournement vun Housen geschafft. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot wou den Dossier drun ass.

News Lag vun der Natioun Finanzen Gesellschaft Gesundheit und Pflege Wirtschaft Xavier Bettel

No vir kucken – mat Courage a Vertrauen

Mir alleguerten hunn déi de leschte Méint Aussergewéinleches geleescht. Mir hunn et fäerdeg bruecht, gutt duerch d‘Kris ze kommen. D’Zuel vun den Infektiounen ass erop an erof gaangen, mee den Drock op eis Spideeler ass zanter Méint elo niddereg bliwwen...

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Wéi oft gëtt d'Medikament TILIDIN hei am Land verschriwwen?

D'Medikament TILIDIN, ee synthetescht Analgetikum, gëtt an Däitschland bei jonke Leit ëmmer méi beléift. Säi Mëssbrauch kann awer süchteg maachen. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet sech bei den zoustännege Ministeren ënnert Anerem doriwwer renséignéiert, wéi oft den TILIDIN hei am Land u Jonker verschriwwe gëtt. 

Parlamentarische Fragen Bildung Medien und ICT Gusty Graas

Ee Logiciel fir autonomt Schreiwen: Wat sinn d’Konsequenzen fir eis Schoulen?

Iwwer déi leschte Joren hunn d’Wëssenschaftler grouss Fortschrëtter am Beräich vun der kénschtlecher Intelligenz an dem maschinelle Léieren gemaach. Speziell Computerprogrammer kënnen hautdesdaags eegestänneg Texter schreiwen, déi quasi net méi vun deenen ze ënnerscheeden sinn, déi vu mënschlecher Hand geschriwwe ginn. 

Wat bedeit dëst fir eis Schoulen? Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet beim Educatiounsminister nogefrot.

Parlamentarische Fragen Gemeinden Gesellschaft Justiz und Sicherheit Claude Lamberty Max Hahn

Zivil Hochzäiten an Zukunft och ausserhalb vun de Gemengenhaiser?

Net nëmmen an der Pandemie soll et de Mënsche méiglech sinn hiert zivilt Bestietnis ausserhalb vun de Gemengenhaiser ze feieren. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi wäit d'Reform vun dëse Gesetzestexter ausgeschafft ass, a wat fir Changementer ageplangt sinn.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler Max Hahn

Wéi steet et ëm d'Ausweisung vun neie Bauschuttdeponien?

De Mangel u Bauschuttdeponien an alle Regioune vum Land gëtt scho méi laang vum Secteur kritiséiert. Effektiv musse vill Camionen dacks e wäite Wee duerch d'Land fir bei eng Deponie fueren, wat onnéidege Verkéier an Emissioune verursaacht. D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi et bei der Ausweisung vun neie Bauschuttdeponië viru geet.

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen André Bauler Max Hahn

Fonds du Logement: Firwat konnte bestëmmt Terrainen a Gebaier bis elo nach net valoriséiert ginn?

D’DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hunn beim zoustännege Minister nogefrot, ënnert wat fir enge Critèren de Fonds du Logement Immobilie keeft, a wisou verschidden Terrainen a Gebaier déi viru Joren opkaaft goufen, bis elo nach net valoriséiert goufen.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Cattenom a Killwaasser aus der Musel: Wat ass den Impakt vum Klimawandel?

De Lac de Pierre-Percée kompenséiert dat Waasser, dat aus der Musel geholl gëtt fir d'Nuklearzentral vu Cattenom ze killen. Wéinst der Dréchent vun de leschten zwee Joer ass den Niveau vun dësem Séi awer ongewéinlech déif gewiescht, soudass sech d'Fro stellt, wéi sech d'Situatioun am Kader vum Klimawandel an Zukunft wäert entwéckelen a wat den Impakt op d'Musel wäert sinn. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot.

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Tiere Max Hahn

Manner doudeg Villercher duerch e speziellen Ustrach vun de Wandrieder?

Fuerscher aus Norwegen hunn an engem Experiment rausfonnt, dass bis zu 70% manner Vullen duerch Wandrieder stierwen, wann een ee Rotorblat anescht usträicht wéi déi aner. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob et net eng Iddi wier, dëst am Sënn vum Vulleschutz zu Lëtzebuerg flächendeckend anzeféieren.

Parlamentarische Fragen Bildung André Bauler

Provisoresch Strukture fir den Nordstad Lycée?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass provisoresch Gebaier fir de Nordstad Lycée zu Ierpeldeng opgeriicht solle ginn. A senger parlamentarescher Fro un de Minister fir ëffentlech Aarbechten huet hie weider Informatioune gefrot.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Wéi steet et ëm de Mateneen op der Strooss?

Zënter der Pandemie sinn eng Rei méi Vëlosfuerer op der Strooss ënnerwee, vun deenen awer net jiddereen sech ëmmer un de Code de la route hält. Gläichzäiteg ginn et och Autofuerer, déi duerch hiert Fuerverhale Vëlosfuerer a Gefor bréngen. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wat geplangt ass, fir de Mateneen tëscht allen Acteuren op der Strooss ze verbesseren.

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gilles Baum

Lëtzebuerg erëm op der rouder Lëscht vun der Belsch

Lëtzebuerg gëtt vun der Belsch erëm als Risikogebitt agestuft. Dat mécht d'Arees an d'Belsch fir Lëtzebueger Résidenten méi schwéier. Ma wéieng Mesuren solle fir d'Lëtzebuerger Studente gëllen? An enger drénglecher parlamentarescher Fro huet den DP-Deputéierten Gilles Baum sech beim Ausseminister renséignéiert. 

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Taxisecteur: Wou ass d'Reform vun der Reform drun?

D'Taxisreform vun 2016 huet säin Haaptzil - den Taxi méi bëlleg ze maachen - net erreecht. Dowéinst huet den zoustännege Minister scho virun méi wéi engem Joer ugekënnegt, wëllen nozebesseren. D'DP-Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty hu beim Minister nogefrot, wou dës Reform vun der Reform drun ass a wéi se wäert ausgesinn.