Sie sind hier

Wéi steet et ëm de Mateneen op der Strooss?

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Zënter der Pandemie sinn eng Rei méi Vëlosfuerer op der Strooss ënnerwee, vun deenen awer net jiddereen sech ëmmer un de Code de la route hält. Gläichzäiteg ginn et och Autofuerer, déi duerch hiert Fuerverhale Vëlosfuerer a Gefor bréngen. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wat geplangt ass, fir de Mateneen tëscht allen Acteuren op der Strooss ze verbesseren.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte an un den Här Minister fir bannenzech Sécherheet weiderzeleeden:

« D’Corona-Pandemie huet an de leschte Méint dozou gefouert, dass ëmmer méi Leit op de Vëlo als Fortbeweegungsmëttel am Alldag zréckgräifen, sief dat hei zu Lëtzebuerg oder am Ausland.

Op ville Plazen, z.B. an enger Rei franséische Stied, huet allerdings misse festgestallt ginn, dass et ëmmer nees zu geféierleche Situatioune tëscht Cyclisten a Foussgänger, respektiv Automobiliste kënnt, well vun deene villen neie Vëlosfuerer sech net jiddereen ëmmer un de Code de la route hält.

Anerersäits erlieft een och, dass verschidden Autofuerer duerch hiert Fuerverhalen ëmmer nees Vëlosfuerer op der Strooss a Gefor bréngen.

Dowéinst wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte an dem Här Minister fir bannenzech Sécherheet folgend Froe stellen:

  • Wéi gesäit d’Situatioun hei zu Lëtzebuerg an där Hinsicht aus ?
  • Huet d’Police an de läschte Méint méi dacks wéi virdrun misse Vëlosfuerer, respektiv Autosfuerer, déi Vëlosfuerer a Gefor bruecht hunn, protokolléieren ?
  • Ass virgesinn, dass d’Police verstäerkt Kontrollen op geféierleche Plazen duerchféiert, fir d’Sécherheet vun alle Verkéiersteilnehmer ze garantéieren ?
  • Ass eng Sensibiliséierungskampagne geplangt, fir op d’Dispositioune vum Code de la route fir Vëlosfuerer opmierksam ze maachen ?
  • Ass eng Kampagne virgesinn, fir fir e bessert Mateneen op eise Stroossen ze sensibiliséieren ? »

Mat déiwem Respekt,

Max HAHN
Deputéierten

Gemeinsam Äntwert vum Här François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten a vum Här Henri Kox, Minister fir bannenzeg Sécherheet, op d’parlamentaresch Fro n°2937 vum 28. September 2020 vum honorablen Deputéierte Max Hahn iwwert “Sécurité des cyclistes”

An de leschte Méint kann aus de Policestatistike keng méi grouss Heefegkeet vu Protokoller an deem Kontext erausgelies ginn. D’Protokoller an d’Avertissements taxés, déi gemäß de Sanktioune vum Code de la Route resp. vum Code pénal opgestallt ginn, beinhalten zwar Informatiounen iwwer d’Transgressiounen wéi z.B.: “non-observation du signal xy”, “coups et blessures involontaires”, etc. awer net iwwer den Typ vun de concernéierte Verkéiersdeelhueler. Se ginn also sou net direkt Opschloss op d’Art vum Verkéiersdeelhueler, deen d’Infraktioun eventuell begaangen huet respektiv op d‘Zort vum Verkéiersdeelhueler géint dee se begaange ginn ass. Doriwwer eraus gesäit déi lëtzebuerger Gesetzgebung aktuell keng “mise en danger” vir.

D’Policekontrollen am Verkéiersberäich ginn ëmmer en Fonction vun engem lokalen Diagnostic opgestallt. Déi Analyse ass continue an évolutive an orientéiert sech zäitlech a geografesch un den Accidenter, déi geschitt sinn, un der Fréquentatioun bei sensibele Punkten (Schoulen, etc.) wéi och u geféierleche Stroossenabschnitter/Plazen, déi souwuel vun de Bierger gemellt wéi och vun de Poliziste festgestallt ginn. Doduercher gëtt am Hibléck op d’Policekontrollen d’Sécherheet vun alle Verkéiersdeelhueler gréisstméiglech garantéiert, well all aktuell Aspekter/Phenomeener sou ëmmer an deenen Evaluatioune berücksichtegt ginn no deenen dann herno d‘Kontrolle verlafen.

A regelméissegen Ofstänn ginn ëmmer nees Sensibiliséierungscampagnë gemaach fir d’Bierger un déi verschidde Reegele vum Code de la Route ze erënneren. An dësem Kader gëtt och ëmmer nees d’Wichtegkeet vum géigesäitege Respekt op eise Stroossen erënnert. E wichtege Message an dësem Zesummenhang ass ëmmer, datt d’Strooss net fir eng Zort Usager reservéiert ass, mais datt den ëffentleche Raum fir all d’Verkéiersdeelhueler do ass a si sech all mussen un d’Reegele vum Code de la Route halen a sech géigesäiteg respektéieren.

Fir datt dës Campagnen de gewënschten Effekt hunn, ass et wichteg fir dës Reegelen ëmmer nees ze rappeléieren. Dofir wäert am Dezember/Januar eng Campagne lafen déi op de Respekt vun der Distanz zu deenen anere Verkéiersdeelhueler ofzielt.

 


Max Hahn