Sie sind hier

Max Hahn

De Max Hahn ass den 30. Abrëll 1981 an der Stad op d’Welt komm. Hien ass zu Betteng op der Mess grouss ginn, wou hien och haut nach lieft.

Studien a Formatioun

Säi besonneschen Interessi un allem, wat mat Technik ze dinn huet, krut de Max Hahn vu sengem Papp vu kleng u vermëttelt. Sou war et och nëmme logesch, dass hien sech no senger 13e am Lycée technique des Arts et Métiers fir en Ingenieursstudium op der Uni Lëtzebuerg entscheet huet, wou hien och säin Ofschloss als Fakultéitsbeschte gemaach huet.

Berufflech Aktivitéiten

Mat senger Spezialiséierung am Beräich vun der nohalteger Energiegestioun, huet hien duerno eng Rei Joren als Industrie-Ingenieur an engem Ingenieursbüro geschafft, éier hien sech eng nei Erausfuerderung gesicht huet. 2010 gëtt de Max Hahn Formatiounsoffizéier bei de Stater Beruffspompjeeën, eng Aufgab, déi hien awer huet missen opginn, wéi hien am Oktober 2013 an d’Chamber gewielt ginn ass.

Politesch Funktiounen

Schonn als Jugendlechen huet den Deputéierte sech an der Gemengepolitik engagéiert an ass 2005 direkt beim éischten Ulaf fir d’DP an den Dippecher Gemengerot gewielt ginn. Zënter 2011 ass hien do éischte Schäffen a bleift och an där Funktioun sengem Motto „d’Politik vu muer gëtt haut gemaach!“ trei.

D’Decisioun sech politesch z’engagéiere war evident fir de Max Hahn: Et geet him net duer, aktuell Zoustänn just ze kritiséieren, hie wëll sech och dofir asetzen, fir eis Gesellschaft mat neien Iddien a Perspektiven ze verbesseren. Aus deem Grond huet hien sech als Jugendlechen an der JDL engagéiert, déi hie vun 2010 bis 2014 presidéiert huet.

De Max Hahn ass zënter November 2015 éischte Vize-President vun der DP a President vum Bezierk Süden.

Funktiounen an der Chamber

An der Chamber läit dem Deputéierte besonnesch d’Familljepolitik um Häerz. D’Famill an de Beruff beschtméiglech ënnert een Hutt ze kréien, ass hautdesdaags eng vun de gréissten Erausfuerderungen vun eiser Gesellschaft. Dowéinst engagéiert de Max Hahn sech och besonnesch dofir, fir Wunnen a Schaffen duerch eng kohärent an nohalteg Landesplanung méi no beieneen ze bréngen. Nohaltegkeet bedeit fir hien awer och, eist Land sou z’entwéckelen, dass all Bierger Accès zu engem kamouden a performanten ëffentlechen Transport huet, egal wou e wunnt. Dat geet nëmmen doduerch, dass een eng Zersiidlung vun der Landschaft verhënnert, esou dass genuch Plaz fir d’Natur bleift. Dofir sinn de Klima- an Ëmweltschutz aner, wichteg Uleies fir hien. Hei setzt hie sech virun allem fir d’Fërdere vun der doucer Mobilitéit a vun den erneierbare Energien an.

An der Chamber ass de Max Hahn President vun der Familljen- an Integratiounskommissioun a Vize-President vun der Ëmweltkommissioun, der Mobilitéitskommissioun a vun der Logementskommissioun. Weider ass hie Member an der Kommissioun fir d’Affaires intérieure, fir d’Gläichstellung vu Mann a Fra a vun der Kommissioun fir bannenzeg Sécherheet a Verdeedegung.

Interessien a Privates

De Max Hahn ass bestuet a Papp vu engem klenge Bouf. A senger Fräizäit genéisst hien d‘Zäit mat senger jonker Famill. De Max Hahn ass och e begeeschterte Sportler, dee gäre wäit Ausflich mam Vëlo mécht. Hien zeechent sech duerch säin Teamgeescht a seng Ausdauer aus – zwee Charakterzich, déi hien och mat an d’Politik bréngt.