Sie sind hier

Taxisecteur: Wou ass d'Reform vun der Reform drun?

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

D'Taxisreform vun 2016 huet säin Haaptzil - den Taxi méi bëlleg ze maachen - net erreecht. Dowéinst huet den zoustännege Minister scho virun méi wéi engem Joer ugekënnegt, wëllen nozebesseren. D'DP-Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty hu beim Minister nogefrot, wou dës Reform vun der Reform drun ass a wéi se wäert ausgesinn.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden:

« No engem éischte Bilan zwee Joer no der Taxisreform vun 2016, dee gemëscht ausgefall ass, huet den Här Minister am Fréijoer 2019 ugekënnegt d’Taxisgesetz nach emol wëllen z’iwwerschaffen. Tatsächlech huet d’Reform eent vun den Haaptziler, nämlech de Präis ze drécken, net konnten erreechen.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen :

- Wéi wäit sinn d’Aarbechten un deem neie Gesetzesprojet ?

- Wéini wäert e kënnen an der Chamber deposéiert ginn ?

- Kann den Här Minister schonn Detailer vun der neier Reform ginn ?

- Wäert d’Deckelung vun de Lizenzen opgehuewe ginn ?

- Wäert et nach just eng Zon fir d’ganzt Land ginn ?

- Wéi ass d’Evolutioun vun der Gesamtzuel u Lizenzen wärend de leschten 10 Joer ?

- Wéi ass d’Evolutioun vun der Unzuel u Lizenzen zënter der Reform vun 2016, opgeschlësselt op déi sechs verschidden Zonen an d’Zort vu Lizenz (Null Emissiounen oder klasseschen Taxi) ?

- Wéi hunn d’Präisser zënter 2016 evoluéiert ?

- Ass en Effekt vun der Corona-Pandemie op d’Präisser festzestellen ?

- Wéi vill Reklammatioune sinn zënter der Reform enregistréiert ginn ? Wat sinn d’Haaptgrënn fir d’Reklammatiounen ?

- Wéi vill Taxie goufen zënter 2016 protokolléiert ? Wat waren déi verschidde Grënn heifir ?

- Kann den Här Minister eis soen, opgeschlësselt no der Unzuel u Chaufferen, wéi vill Taxisfirmen zu Lëtzebuerg aktiv sinn a wéi déi Zuel an de leschte fënnef Joren evoluéiert huet ?

- Wier de Minister bereet, zesumme mam Secteur en informateschen Outil z’entwéckelen, deen dem Client z.B. en Iwwerbléck vum Präis fir e bestëmmten Trajet vun de verschiddenen Taxisfirme gëtt ? »

Mat déiwem Respekt,

Max HAHN a Claude LAMBERTY
Deputéiert

Äntwert vum Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, François Bausch, op d’parlamentaresch Fro n°2849 vum 17. September vun den honorabelen Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty zum Sujet “Réforme de la législation sur les taxis”

D’Preparatioune fir d’Upassung vum Gesetz vum 5. Juli 2016 iwwert d’Taxiswiesen zu Lëtzebuerg sinn esou wäit ofgeschloss. Den Avant-projet de loi ass am gaange geschriwwen ze ginn a wäert dem Regierungsrot sou séier wéi méiglech virgeluecht ginn. Den Text wäert dann och ënnert anerem virgesinn, fir d’Voitures de location avec chauffeur mat ofzedecke wat am Moment net de Fall ass an och d’Zuele vun den Zonen a vun de Lizenze sollen duerch den neien Text ugepasst ginn.

Wat d’Entwécklung vun der Gesamtzuel vun den Taxislizenze während de leschten 10 Joer ugeet, esou ass eng Ausso heiriwwer net esou einfach, well d’Verdeelung vun de Lizenze virun 2016 d’Kompetenz vun de Gemenge war an dem Ministère do keng fiabel Gesamtzuele virleien.

Zanter 2016, wou dës Kompetenz bei de Ministère gewiesselt ass, si 413 Lizenzen aus dem ale Regime an deen neien iwwerholl gi sinn, 64 vakant Lizenze goufen 2017 verginn an am ganzen 84 Null-Emissiouns-Lizenze goufen zanter 2016 ugefrot. Insgesamt ass säitdem d’Unzuel vun de Lizenze bei ronn 500 Stéck relativ konstant bliwwen. Déi gréisser Fluktuatioun tëscht 2016 an 2017, mat engem Plus vun 207 Lizenzen erkläert sech duerch d’Transitiounsphase déi bis zum 28. Februar 2016 gaangen ass, wou déi al Autorisatioune géint eng néi konnten agetosch ginn.

Iwwert déi lescht 4 Joer goufen dann och 58 Lizenzen zeréck ginn oder goufe wéinst Verstéiss nees agezunn.

 

2016

2017

2018

2019

2020

 

Echange

294

119

0

0

0

413

     Zone 1

191

73

-

-

-

 

     Zone 2

51

25

-

-

-

 

     Zone 3

14

7

-

-

-

 

     Zone 4

5

7

-

-

-

 

     Zone 5

31

5

-

-

-

 

     Zone 6

2

2

-

-

-

 

Nei Lizenzen

0

64

0

0

0

64

     Zone 1

-

25

-

-

-

 

     Zone 2

-

33

-

-

-

 

     Zone 3

-

0

-

-

-

 

     Zone 4

-

2

-

-

-

 

     Zone 5

-

4

-

-

-

 

     Zone 6

-

0

-

-

-

 

Nei 0 Emissioun Lizenzen

6

29

18

19

12

84

     Zone 1

5

23

14

15

11

 

     Zone 2

0

4

2

2

1

 

     Zone 3

0

0

1

2

0

 

     Zone 4

0

2

1

0

0

 

     Zone 5

1

0

0

0

0

 

     Zone 6

0

0

0

0

0

 

Retrait & zeréckginn

0

5

21

21

11

58

Total

300

507

504

502

503

 

 

Seit dem Gesetz vun 2016 sinn d’Präisser insgesamt liicht geklommen. Während eng Course virun 2016 mat 3,30€/km an der Moyenne verrechent gouf, sinn et der an der Tëschenzäit 3,50 - 3,80€/km. Allerdéngs sinn dobäi och Ausschléi souwuel no ënnen, wéi och no uewen ze verzeechnen. Dat geet vun 2€/km bis hin zu 5€/km. Dozou kommen dann nach d’Prise en Charge, eventuell e Supplément fir Wallissen oder Këschten oder den Zouschlag fir Nuets an/oder de Weekend.

Et sief och nach erwähnt, datt de Präis vun der Waardezäit, also déi Zäit wou den Taxi net rullt an z. B. bei enger Rouder Luucht steet, vun 0,5€/min op 1€/min am Allgemengen erop gaangen ass.

Am grousse Ganzen hu sech d’Präisser während der Corona-Pandemie net nennenswäert verännert. Vereenzelt Taxis-Bedreiwer hunn hier Präisser no uewen ugepasst, anerer, fir den Taxi méi attraktiv ze maachen, no ënnen. E generellen Trend ass awer am Moment net festzestellen.

Zanter 2016 gouf den „Service Taxis“ vum Mobilitéitsministère 6.676 mol saiséiert, dovunner 1.550 mol vu Clienten. Déi heefegst Reklamatioune betreffen dobäi de Präis vun der Course an d’net benotze vum kierzste Wee. Dëst war 353 mol de Fall. An 118 Fäll gouf de Clienten dann och deen zevill verrechente Montant rembourséiert.

Kontakt mam Service Taxi:

 

2016

2017

2018

2019

2020

 

Clients

58

438

473

391

191

1550

Exploitants

488

2273

824

706

836

5126

Total

545

2710

1296

1098

1028

6676

 

Natur vun der Reklamatioun:

 

2016

2017

2018

2019

2020

 

Prix de la course

7

79

88

82

12

268

Chemin le plus court

6

35

25

18

1

85

Comportement conducteur

6

35

25

18

1

85

Objet oublié

1

2

22

16

4

45

Remboursement du trop payé

4

51

43

16

4

118

Total

20

151

160

134

18

483

Am ganze goufe säit dem 1. September 2016, 801 Avertissements taxés ausgestallt. Am heefegsten ass de Verstouss vum onerlaabte Waarden op e Client op der Strooss mat 128 Fäll, respektiv an 119 Fäll wou en Taxi an der falscher Zone probéiert huet Clienten ze kréien.

Et fält op, datt virun allem an der Ufankszäit vill Taxie protokolléiert goufe well si keng gülteg Lizenz haten. Dëst war 101 mol de Fall.

Infraction

Montant AT

Nombre AT

Stationnement ou placement du taxi à un endroit de la voie publique, autre qu'un emplacement de taxi, en vue d'offrir ses services...

74,00€

128

Stationnement ou attente à un endroit de la voie publique, en vue d'offrir ses services ou d'attendre des commandes par voie radiotéléphonique, … sur le territoire d'une zone autre que pour laquelle la licence d'exploitation de taxi est valable

250,00€

119

Stationnement sur un emplacement de taxi sans se trouver en permanence à la disposition des clients

74,00€

108

Fait de placer son véhicule de manière à constituer un danger ou une gêne pour les autres usagers

74,00€

83

Utilisation d'un véhicule, autre qu'un taxi dans le cadre des services des taxis

500,00€

67

Chargement de clients à moins de 50 mètres d'un emplacement de taxi

145,00€

60

Défaut d'afficher de manière visible la carte de conducteur de taxi pendant le service

74,00€

57

Effectuer le service des taxis sans être titulaire d'une licence d'exploitation de taxi valable

500,00€

34

Défaut de présentation auprès de la SNCA du taximètre au plus tard une année après le dernière vérification, …

145,00€

30

Défaut de tenir en permanence à bord du taxi un carnet métrologique à jour

145,00€

13

Fait de circuler de manière continue au même endroit afin de démarcher un client

145,00€

11

Défaut d'afficher de manière visible le tarif des services de taxi sur la fenêtre arrière droite du taxi

250,00€

10

Défaut de délivrer un reçu réglementaire au client

145,00€

9

Prise en charge de clients sur le territoire d'une zone autre que celle pour laquelle la licence d'exploitation de taxi est valable, ...

500,00€

8

Non-titulaire d'une carte de conducteur de taxi valable

250,00€

7

Défaut de placer ou de faire avancer le taxi dans l'ordre d'arrivée des taxis sur les emplacements de taxi

74,00€

5

Défaut d'utiliser le taximètre règlementaire

250,00€

5

Défaut de l'exploitant de taxi de mettre sans délai hors service tout taxi dès que le taximètre y installé ne répond plus aux exigences réglementaires ou faire remplacer, …

250,00€

5

Refus de prendre en charge sur les emplacements de taxi un client demandant une course à courte distance

145,00€

5

Utilisation à des fins autres que comme taxi, d'un véhicule routier équipé d'un taximètre règlementaire, d'un tableau-taxi, d'une plaque-zone-taxi ou d'un panneau lumineux "TAXI"

500,00€

4

Non-respect après le 1er janvier 2017, pour les véhicules faisant l'objet d'une licence d'exploitation de taxi nouvelle ou transcription, …

500,00€

3

Taxi non muni d'un panneau lumineux "TAXI" règlementaire

250,00€

3

Défaut d'exhiber la licence d'exploitation de taxi sur demande des membres de la PGD ou des douanes

145,00€

3

Défaut de documenter le bris de scellement dûment dans le carnet métrologique, d'apposer une scellement réglementaire ou non-respect du délai de jours ouvrables

145,00€

3

Défaut d'installer le panneau lumineux sur le toit du taxi

145,00€

3

Taxi non muni d'une plaque zone-taxi règlementaire

250,00€

2

Utilisation d'un taxi non muni d'un taximètre règlementaire

250,00€

2

Défaut d'assurer le fonctionnement régulier et normal du taximètre pendant toute la durée de la course

250,00€

2

Mise en marche du taximètre avant la prise en charge du client

250,00€

2

Défaut de présentation auprès de la SNCA du taximètre lors de chaque intervention qui donne lieu …

145,00€

2

Défaut de remplacer un panneau-lumineux volé, perdu, détruit, endommagé ou rendu autrement illisible ou inutilisable

74,00€

1

Défaut de remplacer un tableau-taxi volé, perdu, détruit, endommagé ou rendu autrement illisible ou inutilisable

74,00€

1

Défaut d'un dispositif imprimeur opérationnel relié au taximètre

250,00€

1

Installation sur un véhicule routier, autre qu'un taxi, d'un taximètre règlementaire, …

250,00€

1

Utilisation d'un taxi non muni d'un tableau-taxi règlementaire

250,00€

1

Défaut de l'exploitant de taxi ou du chauffeur de s'assurer de l'état réglementaires des pneumatiques et tout particulièrement de la conformité de la dimension …

250,00€

1

Recherche de clients par paroles, gestes ou pancartes

145,00€

1

Défaut de retourner sans délai l'original du carnet métrologique à la SNCA en cas de mise hors service définitive du taximètre

145,00€

1

Total

      147.037€

801

Am Moment ginn et 1.266 aktiv Chaufferskaarten. Et gëtt am Moment allerdéngs keng Opschlësselung duerno, wie bei wéi engem Patron schafft. Dëst ass am aktuelle Gesetzeskader net virgesinn. Am neie Projet soll dat awer méiglech ginn.

Wat d’Bedreiwer ubelaangt, esou ginn et der 139, déi no jee gréisst esou opgedeelt sinn:

 

Exploitants

Cumul lic.

1 licence

65

65

2-10 licences

69

259

>10 licences

5

179

Total

139

503


Opgrond vun der Liberaliséierung vun den Taxispräisser ass net méiglech de geneeë Präis fir e bestëmmten Trajet ze berechnen. Ausserdeem ass et ganz oft esou, datt nach aner Komponente bei der Berechnung vun dem Präis mat afléisse mussen déi vu Bedreiwer zu Bedreiwer verschidde sinn an dës Berechnung onméiglech maachen.

 


Max Hahn

Claude Lamberty