14/07/2020
Parlamentarische Fragen
Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz
Gusty Graas
Nodeems de Kormoran laang Zäit op der rouder Lëscht stung, hu sech d'Bestänn mëttlerweil sou wäit erholl, dass hien sengersäits schonn zënter enger Rei Joren d'Bestänn vu verschiddene Fëschzorte gefährt. Zu Lëtzebuerg refuséiert den Ëmweltministär allerdéngs d'Populatioun ze reguléieren, mam Verweis op déi europäesch Legislatioun, quitt dass aner Länner wéi Frankräich an Däitschland d'Juegd erlabe fir d'Fëschbestänn ze schützen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob de Ministère kloer Zuelen iwwer d'Kormoran-Populatioun huet, wat den Impakt op d'Fësch an eise Gewässer ass, wat déi wëssenschaftlech Begrënnung fir e Juegdverbuet ass an ënner wéi enge Konditiounen d'Ministesch eng Regulatioun vun der Populatioun erlabe kéint.