30/04/2020
Parlamentarische Fragen
Mobilität und Verkehr
Max Hahn
Gusty Graas
Et ass den DP-Deputéierte Gusty Graas a Max Hahn zu Ouere komm, dass d'N33 op der Héicht vum Käler Potto an engem kriteschen Zoustand wier, an dass och net ausgeschloss kéint ginn, dass de Buedem op där Plaz eng Kéier rutscht. Ugesiichts vun de seriöe Konsequenzen, déi sou en Äerdrutsch fir d'Mobilitéit am ganze Käldall mat sech brénge géif, hunn de Gusty Graas an de Max Hahn beim zoustännege Minister nogefrot, ob de Minister sech däers bewosst ass an, wa jo, wat geplangt wier, fir dës Strooss ze stabiliséieren.