Sie sind hier

Digitalkongress: bass du dobäi?

News Claude Lamberty Corinne Cahen

Et ass eis eng grouss Freed, fir Dech op den éischten digitale Kongress vun der Demokratescher Partei z‘invitéieren.

Den Dag vun eisem Kongress ass all Joer de wichtegste Rendezvous vun eiser Partei.

Mir erënneren eis gären un d'Biller vun engem strubbelvollen Tramsschapp. Ma d’Erënnerung un esou Biller seet eis schonn, firwat e klassesche Kongress wärend der COVID-19-Pandemie net méiglech ass.

Wann déi reell Welt un hir Grenze stéisst, bidden eis déi digital Technologië awer bis elo ongenotzte Méiglechkeeten.

E Méindeg, de 15. Juni um 18:30, organiséiere mir dofir den éischten digitale Parteikongress zu Lëtzebuerg, un deems du kanns aktiv deelhuelen.

Mir schécken Dir an de nächsten Deeg eng offiziell Invitatioun mat all den Informatiounen. Bis dohinner kanns du dech op Facebook fir de Kongress aschreiwen. Am Virfeld vum Kongress bidde mir do och besonnesch Ablécker hannert d'Kulisse vun der Organisatioun.

P.S.: Mir loossen eis et natierlech net huelen, de Kongress am reale Liewen nozehuelen, esoubal déi sanitär Situatioun eis dat erlaabt – dann och mat engem gudde Patt an interessante Gespréicher. Mir freeën eis, fir Iech alleguerten erëmzegesinn!


Corinne Cahen

Claude Lamberty