Sie sind hier

D'Steierreform gouf gestëmmt

News Finanzen Joëlle Elvinger

Méi Steiergerechtegkeet

De Mëttwoch de Moien huet d’DP-Deputéiert Joëlle Elvinger säi Rapport iwwer d’Steierreform an der Chamber presentéiert. Direkt am Ufank vu senger Ried ass d’Joëlle Elvinger op d’Zilsetzung vun dësem wichtege Gesetz agaangen.

Mir stëmmen haut e Projet de loi, dee virun allem eppes mat sech bréngt : méi Steiergerechtegkeet. Dat ass d’Zil, wat sech all Steierreform muss setzen, an dat Zil hunn mir mat dësem Projet erreecht. D’Steierreform bréngt ab dem nächste Joer méi Gerechtegkeet fir déi vill Stéit mat klengem a mëttlerem Akommes. Well besonnesch si gi vum 1. Januar un däitlech entlaascht“, esou d’Rapportrice Joëlle Elvinger.

Dono ass d’Députée-Maire vu Walfer op déi ënnerschiddlech Mesure agaangen, déi de Mëttelstand entlaaschten, an gläichzäiteg d’Kafkraaft vun de Leit däitlech stäerken. Dozou zielt déi nei Staffelung vun der Steiertabell, déi besonnesch staark de Mëttelstand entlaaschte wäert. Gerecht a solidaresch ass och, datt an Zukunft fir déi mat ganz breede Schëlleren, zwee nei Spëtzesteiersäz derbäi kommen. Esou ginn d’Revenue ab 150.000€ zu 41% besteiert an d’Revenue ab 200.004€ zu 42%.

Sozial selektiv Approche

Och ginn d’Steierkreditter sozial selektiv ugepasst. „Duerch d’sozial Selektivitéit stäipt ee ganz gezielt déi kleng Revenuen. Dës sozial selektiv Approche ass iwwregens en Novum an der Steierpolitik. Dëst betrefft esou wuel den CIS, also de Crédit d’impôt pour salariés, ewéi och de CIP fir d’Pensionéiert an de CII fir déi Fräischaffend. Domat ginn also geziilt déi Léit entlaascht, déi et am meeschte brauchen.“

Méi kompetitiv a attraktiv

D’Steierreform kennt och eise ville Betriber ze gutt. „Si sinn de Motor vun eiser Croissance, schafen Aarbechtsplazen an droen eng grouss Verantwortung an eiser Gesellschaft. Bei de Mesuren, déi d’Betriber betreffen, steet natierlech d’Baisse vun der Kierperschaftssteier am Virdergrond, déi 2017 op 19% an 2018 op 18% erof geet. Dëst ass een noutwendege Schrëtt fir weider an engem haart ëmkämpften internationalen Ëmfeld kompetitiv an attraktiv ze bleiwen.“

 

view video on chd.lu


Ried vun der Rapportrice Joëlle Elvinger

 

 


Joëlle Elvinger