Sie sind hier

Luxembourg for Finance op Besuch an der DP-Fraktioun

News Ausnahmezustand Finanzen Wirtschaft André Bauler Gilles Baum

Den 19. August hunn d’DP-Deputéiert Gilles Baum an André Bauler den CEO vun Luxembourg for Finance (LFF), Nicolas Mackel, a seng Mataarbechterin Loren Motiani fir eng Entrevue an der Fraktioun empfaangen.

D’Diskussioun goung ëm déi kuerz- a laangfristeg Konsequenzen vun der Corona-Krise fir de Lëtzebuerger Finanzsecteur. D’LFF ënnersträicht dass dëse Secteur een vun de wéinege ass deen zanter Ufank der Krise kaum Verloschter gemaach huet, an dat well d’Employéeën vun de Banken a Fongen hir Aarbecht ouni gréisser Problemer vun doheem aus erleedege konnten. Dës Krise huet net just dat enormt Potenzial vum Télétravail an der Digitaliséierung ervirgehuewen, mee och de wirtschaftleche Wandel beschleunegt.


André Bauler

Gilles Baum