Sie sind hier

Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch

News Tribune libre Bildung Kultur Claude Lamberty

A senger Tribune libre ass den DP-Deputéierte Claude Lamberty haut nach eemol op den Aktiounsplang fir Lëtzebuerger Sprooch agaangen. Hien huet d’Wichtegkeet vun esou enger Strategie ënnerstrach a wënscht sech zugläich, datt och d'Gemenge an d’Bierger an deem Sënn hier Verantwortung iwwerhuelen.

Tribune libre

Léif Nolauschterer,

D’Lëtzebuerger Sprooch ass an eisem Alldag present. Si ass méi visibel ewéi jee, si gëtt méi geschriwwen, gelies a geschwat.

Si ass Deel vun eiser Identitéit an Häerzstéck vun eisem kulturelle Patrimoine. Als Integratiounssprooch verbënnt an integréiert si Leit mat ganz veschiddene Kulturen a Liewensgeschichten, an dréit esou zu der gelongener sozialer Kohäsioun bäi. Jo, si ass an eisem klenge Ländche vu grousser Bedeitung.

Trotzdeem wollt d’Regierung de Stellewäert vum Lëtzebuergeschen awer net nëmmen erhalen, mä weider verstäerken. Dëst geschitt net vun uewen erof, mä zesumme mat Acteueren aus der Gesellschaft…mat Leit « vum Terrain »… mat Léit, déi sech scho Joren, wann net Joerzéngten, mat eiser Sprooch beschäftegen an se och fleegen.

Zesumme mat dësen Acteure wëll d’Regierung eng Strategie ausschaffen an sech Richtlinne ginn, déi et da gëllt, am Sënn vun enger laangfristeger Sproochen- a Kulturpolitik, an d’Realitéit ëmzesetzen.

D’Verankerung vun eiser Sprooch an d’Verfassung an d’Schafe vu engem „Zentrum fir d’Lëtzebuergescht“ zielen dobäi sécherlech zu de Kärpunkten.

Och op europäeschem Niveau sollte mer roueg selbstbewosst mat eiser Sprooch ëmgoen an hire Stellewäert stäerken. Et sollt ee menger Meenung no hei awer net direkt mat der Dir an d’Haus falen, mä an engem éischte Schrëtt, de pragmatesche Wee wielen.

An genau dat huet dës Regierung gemaach. Ähnlech wéi d’Sproochegesetz vun 1984 et hei am Land virgesäit, sollen elo mol all d’Bierger d’Méiglechkeet kréien sech op Lëtzebuergesch un d’EU-Institutiounen z’adresséieren an dann och eng Äntwert op Lëtzebuergesch vun der EU kënne kréien.

Dëst ass vir d’Demokratesch Partei, wei gesot een éischte Schrëtt op deem ee kann opbauen.

Dësen Aktiounsplang krut vu ville Sproochenexperten ewéi dem Lex Roth oder Jemp Schuster, vu Leit, déi sech scho Joren dagdeeglech mat eiser Sprooch beschäftegen, eng bonne Note.

D’Initiativ vun der Regierung ass also ouni Zweiwel ee Schrëtt an déi richteg Richtung an ech si frou, datt si sech dësem wichtegen Dossier ugeholl huet.

Dëst verhënnert awer net, datt sech och op lokalem Niveau nach esou muenches un Initiativë kann erwaart ginn. Och eis Gemenge sinn hei sécherlech gefuerdert. Lëtzebuergeschcoursen ausbauen a Sproochekaffien organiséiere wou Leit vun iwwerall kennen zesumme komme fir mateneen ze schwätzen, sinn hei nëmmen 2 konkret, a méiglech lokal Pisten.

An och all Eenzele kann zum Erfolleg vun eiser Sprooch bäidroen. Wéi oft erwecht een sech selwer dobai wann een seng auslännesch Kollegen op Franséisch, Englesch oder Däitsch uschwätzt obwuel ee weess dass se a Lëtzebuergeschcourse waren an am Fong och kéinten op Lëtzebuergesch äntweren.

Déi Leit wëllen eis Sprooch jo léieren, mee si mussen se dann dono och mat engem kenne schwätzen. Mir missten hei, a mengen Aen, heiansdo méi Gedold matbréngen a konsequent mat deene Leit Lëtzebuergesch schwätzen.

Verstitt mech awer w.e.g net falsch, genau esou wichteg wéi d’Lëtzebuergescht ass och eis geliefte Méisproochegkeet. Op kee Fall dierfe mir eis Villsproochegkeet vernoléissegen.

Et ass nämlech eist Kënnen a Kenne vu ville Sproochen di ee vun de Schlëssele si fir en erfollegräicht Lëtzebuerg – dat an der Vergaangenheet mee och an Zukunft!

D’Sproochendebatt ass keng Fro vum „derfir“ oder „dergéint“, mä vum mateneen. Ech ginn dofir och net midd et ze widderhuelen : Lëtzebuergesch op der enger, an eis geliefte Méisproochegkeet op der anere Säit.

Fir mech an d'Demokratesch Partei sinn dat eis zwee Standbeen, déi eis vu villen ënnerscheeden, déi eis auszeechnen an op déi mir kennen a sollen houfreg sinn.

 


Claude Lamberty