Sie sind hier

Eugène Berger: "De Schutz vun de perséinlechen Daten ass e fundamentaalt Recht"

News Justiz und Sicherheit Medien und ICT Eugène Berger

An der Chamber ass en Donneschdeg eng EU-Direktiv ëmgesat ginn, déi konkreten Dateschutz an enger globaliséierter, digitaler Welt bitt, fir déi perséinlech Date vun de Bierger ze garantéieren.

De Schutz vun de perséinlechen Donnéeën ass e fundamentaalt Recht a mat dësem europäesche Reglement, mat dësem Gesetz, setze mir e staarkt Zeechen an ënnersträichen, datt et eis méi wéi eescht gemengt ass. Mir setzen hei d'Mënscherechter kloer virun all aner Interessien

esou den DP-Fraktiounschef a Gesetzrapporter Eugène Berger an der Plenière.

E puer wichteg Punkten aus dem Text erausgepickt: D’Recht op informell Selbstbestëmmung, wou ee muss explizit gefrot ginn, wann eng Entreprise, eng Associatioun oder z.B. e Veräin wëllt Donnéeë sammelen a benotzen; d'Recht ob Informatioun: wat fir eng Date gi gesammelt, firwat, wat gëtt domat gemaach? déi Informatioune mussen an enger einfacher a klorer Sproch vermëttelt ginn; d'Recht, fir datt ee seng Date kann ännere loossen oder d’Recht op eng Aschränkung vum Benotzen oder dem Traitement vun den Donnéeën; d’Recht fir seng Date läschen ze loossen (droit à l'oubli): eng wichteg Neierung besonnesch am Hibléck op déi sozial Netzwierker; d’Recht, datt ee muss informéiert ginn, wann eventuell den Traitement vun Donnéeë rechtswiddreg war oder d'Donnée mëssbraucht gi sinn.

Et gëllt awer och eng besser Protektioun vun de Jugendlechen, andeems fir Jonker bis 16 Joer den Accord vun den Eltere muss virleien, fir online Servicer ze benotzen.

Zu Lëtzebuerg hu mir den Text esou ëmgeännert, datt e méi wäit geet, wéi d’EU-Direktiv dat virgesinn huet

esou nach den Eugène Berger,

De Schutz vu perséinlechen Daten ass e fundamentaalt Recht an enger fräier an demokratescher Gesellschaft, wou ee selwer iwwer sech bestëmme kann. Dofir gëtt dat Recht hei als extra wichtegt Gutt behandelt


Eugène Berger