Sie sind hier

Aktualitéitsstonn zum neien CFL-Horaire

News Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Zënter dem 10. Dezember gëllt den neie Plang vun der CFL an d’Ëmstellung an den éischte Woche war méi problematesch ewéi geplangt. Nieft enger Rei Verspéidungen, huet och den neien Horaire vu verschiddene Linne selwer fir Duerchernee gesuergt. An deem Kader hat den zoustännege Minister François Bausch schonn am Dezember eng sëlleche parlamentaresch Froe kritt.

Den DP-Deputéierte Gusty Graas sot a senger Interventioun, dass et nach ze fréi wier, fir en definitive Bilan ze zéien. Natierlech géif et ëmmer Stëmmen, déi sou eng Fuerplangännerung gutt fannen an anerer déi de Contraire behaapten. Selbstverständlech misst een och Versteesdemech fir déi betraffe Leit hunn, wann Zich suppriméiert gi respektiv d’Zich net pünktlech fueren. Besonnesch den Enkpass virun der Stad, wann d’Zich drop waarde mussen, dass se weider fueren dierfen, ass e grousse Problem. Op där anerer Säit huet den DP-Deputéierten drop higewisen, dass immens vill gemaach géif ginn, an een dowéinst nach misst ofwaarden ier ee kéint definitiv soen, ob déi Fuerplangännerung eng gutt Saach ass oder net.

„Eppes ass ganz kloer, an deene leschte Joren ass immens vill an den ëffentlechen Transport investéiert ginn, an et sinn och nach eng Rei Projeten an der Waardeschlaang“

Als Beispill huet de Gusty Graas déi geplangte Streck Beetebuerg-Stad an d‘Vergréisserung vun der Stater Gare genannt, a fonnt, dass sech en anert Bild wäert erginn, wann de ganze Reseau bis nei amenagéiert ass. Donieft dierft een och net vergiessen, dass een der Entwécklung ëmmer e bëssen noleeft. Déi aktuell Transportpolitik géif do awer déi richteg Mesuren huele fir weider an de Schinnereseau z’investéieren.

 


Gusty Graas