Sie sind hier

„Alles wat mir an de Sport stiechen, investéiere mir an d’Gesondheet vun eiser Gesellschaft“

News Sport und Freizeit Claude Lamberty

Zu Lëtzebuerg sinn eng 120 000 Leit a Sportsorganisatioune federéiert. De Breedesport ass d’Basis vun alle de Sportaarten, aus deenen sech um Enn d’Elittesportler erausschielen. Si si bereet, fir déi Erausfuerderung unzehuelen, fir de Sport als méi wéi just eng flott a gesond Fräizäitbeschäftegung unzegesinn. Ma wéi geet et no der Carrière weider?, huet de Claude Lamberty gefrot. Fir den DP-Deputéierte kommen do ë.a. méi flexibel Carrièren a Kritären iwwer de Wee vum Härebierg a Fro.

De Claude Lamberty huet weider op déi wichteg Verbindung vum Schoulsport mat der Gesondheet vun de Kanner higewisen. E Punkt, deen ëmmer méi wichteg gëtt an enger Zäit, wou vill vun de Jonken sech neméi genuch beweegen. Besonnesch an der Schoul oder an de Veräiner spillt de Sport awer och eng immens wichteg Roll a punkto Integratioun an a punkto Zesummewuesse vun de jonke Generatiounen hei am Land.

Wat d’Organisatioun vu Federatiounen a Veräiner ugeet, huet de Claude Lamberty insistéiert, datt déi ëffentlech Hand net nëmme gutt ausgebilten Trainer méiglech mécht, ma och muss an administrativer Hisiicht hëllefen. Nëmmen esou kéint d’Zukunft vum Sport hei am Land garantéiert ginn.

De President vun der Tennisfederatioun fënnt doriwwer eraus, datt d’Gesellschaft muss bereet sinn, fir iwwer de Congé sportif am Kontext vun de Benevollen nozedenken. „Ouni all déi Fräiwëlleg brécht de Sport hei am Land zesummen“, esou de Fazit vum DP-Deputéierten.

Um Enn vu senger Interpellatioun huet de Claude Lamberty eng Motioun agereecht, an där méi Support a finanziell Moyenë fir d’Organisatioun vum Sport zu Lëtzebuerg gefuerdert ginn.

 

Ried vum Deputéierten Claude Lamberty

 


Claude Lamberty